Marianne Majerus

lëtzebuergesch Fotografin
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Marianne Majerus, gebuer de 5. September 1956 zu Klierf, ass eng lëtzebuergesch Fotografin.

Marianne Majerus
Gebuer 5. September 1956
Klierf
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Essex,
Universitéit vun East Anglia
Aktivitéit Fotograf

Liewen änneren

D'Marianne Majerus ass duerch hir Billerbänn bekannt ginn. Si ass op d'Fotografie vu Gäert, Planzen, Portraiten an typesch engleschen Haiser spezialiséiert. Si huet Biller fir iwwer 50 Bicher geknipst, a villen Ausstellunge matgemaach an och fir Zäitschrëfte geschafft.

Am Joer 2002 gouf se vum Garden Writers Guild zur Fotografin vum Joer gewielt. 2010 gouf si zum International Garden Photographer of the Year ernannt, fir hir Foto "Layered landscape: a moment captured"[1] an 2018, fir hir Foto "Mediterranean Dawn", gouf se mam European Garden Photography Award ausgezeechent[2].

Si ass d'Duechter vun engem fréieren Deputéierten, dem Dokter Nicolas Majerus[3] vun Esch-Uelzecht, ass mat engem Englänner bestuet a lieft zanter 1976 zu London.

Billerbänn a Publikatiounen änneren

Als Haaptfotograf änneren

Publikatiounsjoer Titel
2018 (mat der Rachel Weaving) Gardens of Corfu
2018 Setting the Scene (Pimpernel Press)
2017 The Living Jigsaw: How to Cultivate a Healthy Garden Ecology (Royal Botanic Gardens)
2016 Gärten an den italienischen Seen (Gerstenberg Verlag)
2016 Gardens of the Italian Lakes (Frances Lincoln)
2016 RHS How to Plant a Garden (Mitchell Beazley)
2015 London – seine schönsten Gärten: Eine spektakuläre Entdeckungstour (DVA)
2015 Great Gardens of London (Frances Lincoln)
2015 Die geheimen Gärten von England (DVA)
2015 Das große Buch der Gartengestaltung (DVA)
2015 Créer son jardin (Larousse)
2015 Great Gardens of London (Frances Lincoln)
2015 Die geheimen Gärten von England (DVA)
2015 First Ladies of Gardening (Frances Lincoln)
2015 Garden Design: A Book of Ideas (Mitchell Beazley)
2015 Mein City-Garten: Planen, pflanzen, gestalten (Dorling Kindersley)
2014 The Urban Gardener (Mitchell Beazley)
2012 Die geheimen Gärten von Cornwall: Die schönsten Refugien an Englands Südküste (DVA)
2011 Die geheimen Gärten Luxemburgs[4]
2007 Traumpaar
2007 Secret Gardens of Venice
2006 Venetian Gardens
2006 Projects for Small Gardens: 56 Projects With Step-by-step Instruction
2006 Neue Ideen für winzige Gärten
2005 Garden Spaces: Simple Solutions for Planning and Design
2005 101 Ideas Gardens
2004 Secret Gardens of London
2004 Shrubs for the Garden
2004 Herbs: Simple Projects for the Weekend Gardener
2004 Containers: Simple Projects for the Weekend Gardener
2004 A Passion for Roses
2003 House Beautiful Container Gardens
2003 TopfKult
2003 The German Ambassador's Residence in London (Revised Edition)
2003 Cool Containers
2001 The New Tech Garden
2001 Foliage
2001 Seeds: The Ultimate Guide to Growing Successfully from Seed
2000 The New London Garden
2000 Living with Plants
1999 Gardening with Herbs
1997 Gardening with Containers
1996 Alsace Gastronomique
1993 The German Ambassador's Residence in London
1992 English Manor Houses
1987 The Rose Gardens of England
1984 Essex: A Journey in Photographs

Als eng vun de Fotografen änneren

Publikatiounsjoer Titel
2011 International Garden Photographer of the Year: Collection 4[5]
2010 International Garden Photographer of the Year: Collection 3
2010 Kleine Gärten - Das große Ideenbuch
2010 Neues Design für kleine Gärten
2008 International Garden Photographer of the Year: Collection 1
2008 Gestaltung mit Rosen: Das große Ideenbuch
2006 Projets pour petits jardins: 56 Projets à réaliser pas à pas
2005 101 Conseils Jardin

D'Marianne Majerus huet och vill Portraite geknipst. Eng Rei dervu fënnt een an de Kollektioune vun: The National Portrait Gallery zu London, The Arts Council of Great Britain an dem Centre national de l'audiovisuel zu Lëtzebuerg.

Zanter der Mëtt vun den 1980er Joren ass d'Marianne Majerus eng reegelméisseg Mataarbechterin vun: The Times, The Sunday Times Magazine, The Daily Telegraph, The Sunday Telegraph Magazine, House and Garden, Homes and Gardens, The London Evening Standard, The RHS Garden Journal, The English Garden, Gardens Illustrated, Architektur und Wohnen, Femina a Ville Giardini.

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 124: Marianne Majerus, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. International Garden Photographer of the Year 3 Gearchiveerd op 2010-11-07. Gekuckt de(n) 2010-05-26.
  2. "'European Garden Photography Award 2018': Gewënnerin ass d'Lëtzebuergerin Marianne Majerus." rtl.lu, 20.02.2018, 15:39:17.
  3. Cf. Artikel iwwer den Nicolas Majerus op csv.lu
  4. Die geheimen Gärten Luxemburgs
  5. International Garden Photographer of the Year: Collection 4 Book
  6. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2014 am Ministère de la Culture