Nick Clesen (Politiker)
lëtzebuergesche Politiker
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Politiker Nick Clesen. Fir de lëtzebuergesche Vëlossportler, kuckt wgl. Nick Clesen (Vëlossportler). |
Den Nick Clesen, gebuer den 21. November 1956, a gestuerwen den 3. Oktober 2024, war e lëtzebuergesche Politiker (GLEI) a Gewerkschaftler[1].
Nick Clesen | |
---|---|
Gebuer | 21. November 1956 |
Gestuerwen | 3. Oktober 2024 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Educateur |
Partei | déi gréng, Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ |
Liewen a Karriär
ännerenHien ass zu Rolleng (Miersch) opgewues an zu Miersch an d'Primärschoul gaangen. Duerno war hien am Lycée classique zu Dikrech, fir duerno am Institut Emile Metz eng Meeschterprüfung als Elektriker ze maachen.[1]
Hie war vun 1989 bis 1994, zesumme mam Jup Weber, fir d'Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) Deputéierten an der Chamber.[2]
Hien war och wärend zwou Legislaturperiode Member vum Gemengerot vun der Gemeng Beetebuerg[1]. Hie war Zentralsekretär beim OGBL a vu Beruff Inspekter bei der Inspection du travail et des mines.[2]
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 (de)Nachruf / Politiker, Gewerkschafter, Freigeist: Nick Clesen ist im Alter von 67 Jahren gestorben. Tageblatt. Gekuckt de(n) 03.10.2024.
- ↑ 2,0 2,1 "De fréiere grénge Politiker a Gewerkschaftler Nick Clesen ass dout." rtl.lu, 03.10.2024.