Jup Weber

lëtzebuergesche Forstingenieur a Politiker.


De Joseph ("Jup(p)") Weber, gebuer de 15. Juni 1950 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen ëm den 8. Oktober 2021 an der Belsch[1][2], war e lëtzebuergesche geléierte Forstingenieur a fréiere Politiker (GAP, GLEI, GLA).

Jup Weber
Gebuer 15. Juni 1950
Lëtzebuerg
Gestuerwen 8. Oktober 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng, Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ, Gréng a Liberal Allianz

De Jup Weber ass zu Stroossen grouss ginn an huet no sengem Secondairesstudium am Kolléisch e Studium fir Forstingenieur op der Universität für Bodenkultur Wien gemaach. Duerno huet hien e Stage an der Forstverwaltung zu Lëtzebuerg gemaach an ass duerno bei eng Lëtzebuerger Bank schaffe gaangen. Fir méi Zäit ze hu fir seng politesch Aktivitéit huet en déi Plaz awer kuerz duerno erëm opginn. 2000 huet hien eng Léier als Schëffbauer gemaach.

De Jup Weber war 1983 e Matgrënner vun der Gréng Alternativ Partei (GAP)[2], aus där méi spéit Déi gréng entstanen ass. Virdru war en ee vun den Animateure vum Radio Grénge Fluessfénkelchen, engem "Pirateradio" vun Arel (zu där Zäit hat RTL de Monopol fir Radiosprogrammer zu Lëtzebuerg).

De Jup Weber huet och de Verband fir Folklor Vun Tuten a Blose matgegrënnt a war ganz aktiv an der Anti-Nuklear-Beweegung.

Wéinst interne Konflikter an der Partei ass hien 1985 mat Aneren aus Déi Gréng ausgetrueden an huet eng eege Lëscht, d'Gréng Lëscht Ekologesch Initiativ (GLEI) gegrënnt. 1989 hunn déi zwou Parteien awer nees zesummefonnt. 1994 gouf de Jup Weber fir Déi Gréng an d'Europäescht Parlament gewielt; 1995 huet en déi Gréng Fraktioun verlooss an ass der Europäescher Radikaler Allianz bäigetrueden.

1999 koum et och zu Lëtzebuerg nees zu enger Ofspléckung: de Jup Weber huet d'Gréng a Liberal Allianz gegrënnt, déi bei de Chamberwale kee Sëtz am Lëtzebuerger Parlament krut.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. RIP: Doud vum fréiere gréngen Deputéierte Jup Weber. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-10-09.
  2. 2,0 2,1 Gréng-Mitgründer Jup Weber ist tot. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2021-10-08). Gekuckt de(n) 2021-10-09.
  3. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.