Nessonvaux
Nessonvaux, op Wallounesch Nessonvå, ass eng Sektioun vun der belscher Gemeng Trooz an der Provënz Léck.
Nessonvaux | |
---|---|
Nessonvaux vun der Baleine aus gesinn | |
An anere Sproochen | wa: Nessonvå |
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Léck |
Arrondissement | Léck |
Koordinaten | 50°34'30"N, 5°44'6"O |
Postcode | 4870 |
Nessonvaux läit am Pays de Herve um Bord vun der Vesdre, do wou de Ri de Vaux drafeeft.
Bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Nessonvaux eng eegestänneg Gemeng.
Nessonvaux huet eng bekannt industriell Vergaangenheet, engersäits duerch d'Fabrikatioun vu Gewierleef aus Damazenerstol, an anerersäits duerch d'Autosfabréck Imperia.
Zu Nessonvaux gouf et eng vun den zwou eenzegen Teststrecke fir Autoen op der Welt, déi op den Diech vun de Fabréckshale war. Haut ass dovun nach een Deel ze gesinn, an zwar déi iwwerhéicht Kéier beim Waassertuerm.
Persounen
änneren- Mathieu Van Roggen Jr. Direkter vun Imperia a Bouf vun Mathieu Van Roggen vu Sprimont
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Nessonvaux – Biller, Videoen oder Audiodateien |