De Mathieu van Roggen, gebuer de 14. Januar 1863 zu Nijmegen a gestuerwen de 27. Oktober 1909 zu Sprimont, war en hollänneschen Industriellen an Entreprener, dee sech 1883 zu Sprimont niddergeloss huet. Hien huet de Steekaulen vun do an an der Ëmgéigend zu engem groussen Opschwong weidergehollef.

Mathieu Van Roggen
Gebuer 14. Januar 1863
Nijmegen
Gestuerwen 27. Oktober 1909
Sprimont
Nationalitéit Holland
Aktivitéit Entreprener, Industriellen

Hien huet e ganze Koup Gebaier opgericht, dorënner d'Elektrizitéitswierk wou haut de Steemusée dran ass, d'Gemengenhaus mat sengem schéine Park, d'Schoul vun der Gemeng Sprimont, den Domaine du Tultay an de Cercle le Foyer vis-à-vis vun der Kierch vu Sprimont.

No sengem Doud, 1909, huet säi Bouf, deen och Mathieu geheescht huet, d'Leedung vun de Steebréch iwwerholl.

Dësen huet sech awer méi fir d'Automobilsbranche intresséiert an huet direkt nom Éischte Weltkrich d'Direktioun vun den Imperiawierker zu Nessonvaux iwwerholl.

Hien huet aus dem Familljebesëtz eng Société Anoyme gemaach ënner dem Numm S.A. Carrière de Sprimont déi sech spéider mat de Steekaule vu Merbes zesummegedoen huet wouraus d' S.A. Carrières de Merbes-Sprimont entstanen ass.

D'Famill van Roggen ass 1950 op Bréissel geplënnert huet awer hir Intressen an der Firma gehalen. 1984 goufen d'Steekaule vun der Gesellschaft Brancaleoni iwwerholl.