D'Holzmillen (Holzschläiferei) zu Manternach gouf an der Mëtt vum 19. Joerhonnert vum Jules Lamort am Sirdall tëscht Manternach a Mäertert am haitegen Naturschutzgebitt Manternacher Fiels opgeriicht, fir Holzbräi als Matière première fir Pabeier hierzestellen.

De Papp vum Jules Lamort, de Jacques Lamort, huet 1837 tëscht Manternach a Wecker eng Pabeierfabrik gegrënnt. Déi Zäit si fir d'Pabeierproduktioun Textiloffäll aus Seid, Léngent, Kotteng oder Schofswoll benotzt ginn, déi zerstéckelt, ageweecht a mat Hëllef vun der Waasserkraaft duerch e Muelwierk zerklengert goufen. Well an der Mëtt vum 19. Joerhonnert d'Nofro no Pabeier ëmmer méi grouss gouf an d'Präisser fir d'Textilreschter ëmmer méi geklomme sinn, war een op der Sich no neier Matière première fir d'Pabeierproduktioun, vun deenen d'Holz zum wichtegste ginn ass.

Mam Iwwerhuele vun der Pabeierfabrik Lamort, huet de Jules Lamort sirofwäerts 1859/60 no der Geneemegung vum 14. Abrëll 1857 d'Holzmille mat enger Waasserkraaftanlag opgeriicht. Fir d'Mille kënne permanent uerdentlech ze bedreiwen huet hie baachopwäerts e Stauwier gebaut. D'Waasser gouf vum Barrage duerch e ronn 850 m laange Kanal afgeleet. De Kanal ass vum Barrage op der rietser Säit vun der Sir gelaf, ass mat engem Aqueduc iwwer d'Sir gaangen an op der lénkser Säit bis zum Waasserhaus iwwer der Mille weider gelaf. Duerch de Kanal konnt den Niveau vum Waasser erhéicht ginn, soudatt d'Héicht vun der Chute an domat d'Waasserkraaft vergréissert gouf.

D'Matière première war haaptsächlech Fiichtenholz. An der Kuelescheier lénks iwwer der Fabertbréck ass d'Holz geschielt, a 40 cm grouss Stécker geschnidden a schliisslech mat Päerd bis bei d'Holzmillen transportéiert ginn. An der Millen ass d'Holz géint rau Millesténg gepresst an zerriwwe ginn a mat Säck an d'Pabeierfabrik bruecht ginn. D'Millesteng sinn duerch eng Turbinn mat Waasser aus dem Waasserhaus ugedriwwe ginn.

1906 ass am Sirdall mat dem zweespueregen Ausbau vun der Zuchstreck Lëtzebuerg - däitsch Grenz ugefaange ginn, bei deem en Äerdrutsch d'Holzmille gréisstendeels zerstéiert huet. Vun do un huet gemuelen Holz aus dem Ausland missen importéiert ginn, wat 1914 dozou gefouert huet, datt d'Pabeierfabrik zougemaach gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren