Naturschutzgebitt Birelergronn

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg

D'Naturschutzgebitt Birelergronn ass en Naturschutzgebitt am Bireler Gronn an de Gemenge Sandweiler, Schëtter an Nidderaanwen. Tëscht Sandweiler, Schraasseg an Neihaischen erstreckt sech ënnen am Dall e Fiichtgebitt, dat vun der Bireler Baach duerchzu gëtt a wouvun zirka 270 ha zanter dem 12. Dezember 1999 ënner Naturschutz stinn[1].

Naturschutzgebitt
Birelergronn
Land Lëtzebuerg
Plaz Sandweiler
Fläch 271,65 ha
Nationalcode ZH 50
Koordinaten 49°37'12"N, 6°14'2"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 12. Dezember 1999


Geologie an Topographie

änneren

D'Géigend ronderëm de Bireler Gronn ass vum Lëtzebuerger Sandstee markéiert, eng Gestengsformatioun aus dem Lias, déi sech virun ongeféier 200 Millioune Joren aus enger Sedimentatiounsphas aus dem Juramier entwéckelt huet. De Sandsteen, deen eng waasserduerchlässeg geologesch Schicht bilt an op dem waasseronduerchlässegem Mergel läit, ass bekannt fir seng vill Quellen. Eng Partie vun dëse Quelle speisen d'Bireler Baach, déi sech am Laf vun der Zäit an de Plateau vum Lëtzebuerger Sandsteen ënner dem Afloss vum fléissende Waasser, dat d'Gestengs auswäscht, agedéift huet.

 
Sentier didactique Bireler Gronn
 
D'Bireler Baach am Fiichtgebitt Neimillen

Ënnen am Dall goufen an der Zäit duerch d'Waasserkraaft vun der Bireler Baach sechs Millen ugedriwwen. Nieft der Loumillen, der Bannmillen a Boumillen, déi haut nach erhale sinn, hunn dallopwäerts d'Neimillen, Hentzensmillen a Berwicksmille gedréit. Duerch dat haitegt Faasse vun de Quellen ass d'Waasserkraaft verluer gaangen a mam Millebetrib ass schliisslech opgehale ginn. D'Neimillen oder och nach Wollefsmille genannt, vun där eng éischt Kéier am 14. Joerhonnert geschwat gouf, huet der Mënsterabtei gehéiert. Mat hirem virgelagertem Milleweier war si déi bedeitendst Millen aus dem Dall. Beim Opgi vun der Millen, déi mëttlerweil ofgerappt ginn ass nodeem de Staat se 1981 opkaaft hatt, ass de Weier lues a lues zu engem groussen Deel ausgedréchent. Duerch déi deelweis Ausdréchnung huet sech e wäertvollt Fiichtgebitt mat enger grousser ekologescher Bedeitung entwéckelt. Dëst Fiichtgebitt ass zesumme mat den Iwwerreschter vu Flossdältebëscher baachofwäerts vun der Neimillen, déi deelweis an der Zäit wou et nach kee kënschtlechen Dünger gouf a Méiwisen ëmgewandelt gi sinn, mam groussherzoglechem Reglement vum 6. Dezember 1999 mat 11,33 ha an enger 260 ha grousser Pufferzon ënner Naturschutz gestallt ginn.

Ekologie

änneren

D'Fiichtgebitt Neimillen huet sech zu engem villfältege Liewensraum entwéckelt. Am Verlandungsberäich vun de fréiere Weieren huet sech en dicht Lëtschegebitt ausgebreet, andeems déi héich Lëtschen (Phragmites communis) virum Christusstaf (Typha latifolia) an anere Bënsen dominéieren. An dëse Lëtschebestänn, déi sech wéinst hirer immenser Wuesskraaft séier ausbreeden, fannen de Klenge Jäizert (Acrocephalus scirpaceus), de Schwaarze Wisekriibs (Rallus aquaticus) an d'Weidemësch (Emberiza schoeniclus) Schutz an ideal Bréiméiglechkeeten. Am Fréijoer benotze vill Amphibien, dorënner d'Mouk (Bufo bufo), d'Fiichtgebitt als Läichplaz.

Duerch déi stänneg Usammlung vun organescher Matière entwéckelt sech d'Fiichtgebitt ouni mënschlechen Agrëff lues a lues zu engem Flossdälltebësch. Sou e Bësch, dee léiwer Biedem huet, déi periodesch iwwerschwemmt ginn, ass nach plazeweis hanner der Neimille laanscht d'Birelerbaach ze fannen a gëtt vun der Alenter (Alnus glutinosa) dominéiert. Hiert gespléckten an déift Wuerzelsystem befestegt d'Ufertallien a bitt gläichzäiteg eng Stopp fir Fësch.

Naturléierpad

änneren

Mat thematesche Statiounen iwwer déi natur- a kulturhistoresch Aspekter vum Bireler Gronn ass am Joer 1997 e Léierpad amenagéiert ginn, dee sech an de 7 km laange Quellepad mat Depart zu Sandweiler an an de 5 km laange Millepad mat Depart zu Schraasseg an um Neihaischen opdeelt. Déi zwee Weeër mat all Kéier sechs informative Panneauen, lafen op der Neimillen zesummen a kënne problemlos matenee kombinéiert ginn.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Naturschutzgebitt Birelergronn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  • Panneauen um Léierpad.
  1. Règlement grand-ducal du 6 décembre 1999 déclarant zone protégée la réserve naturelle Birelergronn englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Sandweiler, Schuttrange et Niederanven. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 09.01.2020.