Nationalstrooss 1D
Nationalstrooss zu Lëtzebuerg
D'Nationalstrooss 1D oder och d'N1D war bis Enn 2021 eng lëtzebuergesch Nationalstrooss am Kanton Gréiwemaacher um Territoire vun de Gemenge Gréiwemaacher a Mäertert.
Verbindung A1 - N1 | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Ufank | Verdeeler Mäertert |
Koordinaten | 49°41'34,94"N, 6°27'4,36"O |
Enn | Nationalstrooss 1 |
Koordinaten | 49°41'36,46"N, 6°27'38,88"O |
Duerch | Gréiwemaacher, Mäertert |
Opgaangen | 6. September 1988 |
Deklasséiert | 15. Dezember 2021 |
Längt | 800 m |
Informatiounen a Websäiten | |
P & Ch | Beschreiwung vum Stroossennetz |
Fandom | Nationalstrooss 1D |
Laf an Uschlëss | |
Verdeeler Mäertert | A 1 |
Mäerterter Hafen | N 1 |
Si ass vum Verdeeler Mäertert vun der A1 an de Museldall gelaf, wou se tëscht Mäertert a Gréiwemaacher, op der Héicht vum Mäerterter Hafen Uschloss un d'N1 hat.
D'N1D war 800 m laang, dovun 395 m an der Gemeng Gréiwemaacher a 405 m zu Mäertert.
Entwécklung vun der N1D
änneren- D'Strooss ass de 6. September 1988 zesumme mam Deelstéck Waasserbëlleg - Potaschbierg vun der A1 opgaangen.
- Den 22. Dezember 1995 krut se de Statut vun enger Nationalstrooss[1].
- Mam Gesetz vum 15. Dezember 2021 iwwer d'Reklassement vum Stroossereseau ass d'Nationalstrooss als Autobunnsbrëtell deklaréiert ginn[2].
Um Spaweck
änneren- Iwwersiichtskaart vum nationale Stroossereseau op der Internetsäit vun der Bauverwaltung
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 22 décembre 1995 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'Etat d'une série de chemins vicinaux. (Tabell VIII, Säit 116). legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 07.01.2021.
- ↑ (fr)Loi du 15 décembre 2021 concernant le reclassement partiel de la voirie et la reprise par l'État d'une série de chemins vicinaux et portant modification de l'article 6bis de la loi modifiée du 16 août 1967 ayant pour objet la création d'une grande voirie de communication et d'un fonds des routes. legilux.public.lu (15.12.2021). Gekuckt de(n) 06.04.2023.