Sonic Visions

lëtzebuergesche Musekfestival

Sonic Visions war e lëtzebuergesche Musekfestival deen tëscht 2008 an 2019 organiséiert gouf. E war all Joer am November fir zwéin oder dräi Deeg an der Rockhal oder bei den Héichiewe vun Esch-Belval. 2021 war en nach eng Kéier als Onlineevenement.

E Schwéierpunkt louch op der nationaler Musekszeen. Nieft Optrëtter vu lokalen an internationale Gruppe goufe Atelieren a Konferenzen ofgehalen, déi Theme wéi Management, Promotioun oder Professionaliséierung behandelt hunn.[1]

Am Kader vum Festival goufen och d'Video Clip Awards (VCA) ofgehalen, bei deenen déi bescht lëtzebuergesch Museksvideoen ausgezeechent goufen.

Editiounen änneren

2008 änneren

Déi éischt Editioun vu Sonic Visions war den 22. an 23. November 2008. Zu den Theemen, déi an den Atelieren traitéiert goufen, zielen ënner anerem Distributioun a Marketing. 23 Gruppe sinn opgetrueden:

  • Glitter and Trauma (LU)
  • Cascadeur (FR)
  • Local Club (BE)
  • Sulivan (LU)
  • Emily Jane White (US)
  • Chapelier Fou (FR)
  • The Rones (BE)
  • Versus You (LU)
  • The Hickey Underworld (BE)
  • I'm from Barcelona (SE)
  • Arsenal (BE)
  • Smallstate (DE)
  • Shouling for Joey (DE)
  • Murder (DK)
  • An Orange Car Crashed (BE)
  • Metro (LU)
  • Miaow Miaow (LU)
  • No and the Maybes (DK)
  • Veto (DK)
  • Duné (DK)
  • Superfamily (NO)
  • Mutiny on the Bounty (LU)
  • Electrojuice (DK)

2009 änneren

2009 hat de Festival nach relativ wéineg Spectateuren.[2] De 27. an 28. November si follgend Gruppen opgetrueden:

  • Vinnie Who (DK)
  • Piano Club (BE)
  • Oku and the Reggaerockers (DE)
  • The Asteroids Galaxy Tour (DK)
  • Silversun Pickups (USA)
  • The Yupps (FR)
  • I Got You on Tape (DK)
  • Mutiny on the Bounty (LU)
  • Hal Flavin (LU)
  • Abstract Sound Project (FR)
  • Natas Loves You (LU)
  • Julie's Haircut (IT)
  • Heike Has the Giggles (IT)
  • Beatrice Antolini (IT)
  • Cico (LU/IT)
  • Daniel Balthasar (LU)
  • Porn Funkerz (BE)
  • Jacob Brass (DE)
  • The Good Morning Diary (DE)
  • Flashy Rock (LU)

2010 änneren

Déi drëtt Ausgab vum Festival war iwwer dräi Deeg verdeelt. Am Ganzen hu 26 Gruppe Concerte ginn:

2011 änneren

De 25. a 26. November 2011 war déi véiert Editioun vu Sonic Visions. Wärend den zwéin Deeg waren ronn 1200 respektiv 1000 Spectateuren op de Concerten:[3]

2012 änneren

Den 23. a 24. November 2012 si follgend Gruppen opgetrueden:

  • Love A (DE)
  • Austra (CA)
  • Oscar and the Wolf (BE)
  • The XX (UK)
  • Thomas Azier (NL)
  • C2C (FR)
  • Synthesis (LU)
  • Elektro Guzzi (AT)
  • Dead CΔT Bounce (LU/FR/IT)
  • Wellbad (DE)
  • Seed to Tree (LU)
  • Monophona (LU)
  • Say Yes Dog (LU)
  • Rolo Tomassi (UK)
  • Natas Loves You (LU)
  • Clock Opera (UK)
  • Francis International Airport (AT)
  • Django Django (UK)
  • Hal Flavin (LU)

2013 änneren

2013 goufe méi wéi 5500 Tickete verkaaft. De Festival war den 22. an 23. November; un den Atelieren a Konferenzen hunn iwwer 300 Delegéierter aus verschiddene Länner op der Welt Deel geholl. Fir d'éischt Kéier gouf och de Video Clip Award verginn, e Präis fir de beschte lokale produzéierte Museksvideo. Méi wéi 70 Clipper goufen agereecht. De Präis vum beschte Museksvideo vum Joer huet Get It vu Say Yes Dog gewonnen, bei deem de Stephen Korytko an de Raoul Henri Regie gefouert hunn. Den Eric Schockmel gouf an der Kategorie "Best Upcoming Young Director" fir Shemale Obsession ausgezeechent. Radar (Regie: Jeff Desom) vun Hauschka krut de Jurypräis an Up (Regie: Georges Waringo) vun de Vintage Gigolos de Publikumspräis.[4]

Follgend Gruppe sinn opgetrueden:

2014 änneren

Déi siwent Editioun vum Sonic Visions Festival war tëschent dem 20. an dem 22. November 2014.

2015 änneren

Déi aacht Editioun vum Sonic Visions Festival war tëschent dem 12. an dem 14. November 2015.

2016 änneren

Déi néngt Editioun vum Sonic Visions Festival war tëschent dem 10. an dem 12. November 2016.

2017 änneren

Déi zéngt Editioun vum Sonic Visions Festival war tëschent dem 16. an dem 18. November 2017. Si war dës Kéier net méi an der Rockhal, mee op dräi verschiddene Plazen tëscht den Héichiewe vun Esch-Belval.[5] Fir d'Musekskonferenz si méi wéi 500 Delegéierter ugereest fir un Atelieren an aneren Evenementer deelzehuelen.[6]

Zu de Kënschtler déi 2017 opgetruede sinn ziele Bender & Schillinger (vu Mainz), Romeo Elvis & Le Motel (vu Bréissel), J.Bernardt, Her. an d'lëtzebuergesch Kënschtler Bartleby Delicate, Edsun, Them Lights, Drops & Points an Tuys.[6]

2018 änneren

Déi eeleft Editioun vum Sonic Visions Festival war de 15. an de 17. November 2018. 3.600 Leit hunn d'Concerte gekuckt.[7] Ënnert den internationalen Acts, déi opgetruede sinn, waren Eddy de Pretto, Angèle, Moha La Squale, Maribou State a Kikesa. Vu lëtzebuergescher Säit waren de Maz, Say Yes Dog, Napoleon Gold, Mudaze, Bartleby Delicate a C'est Karma dobäi.[8]

2019 änneren

Déi zwieleft Editioun vum Sonic Visions Festival war de 15. an de 16. November 2019, erëm an der Rockhal an an där hirem Rocklab. Op véier Büne si follgend Kënschtler opgetrueden:

  • Christina Kalyss
  • Sketches On Duality
  • Videoclub
  • Saint PHNX
  • Glauque
  • Matt Simons
  • Aloise Sauvage
  • Chaild
  • Kelvyn Colt
  • Klein
  • Yungblud
  • Komfortrauschen
  • Akkan
  • Ezra Collective
  • Boy in Space
  • Dermot Kennedy
  • Eau Rouge
  • Blanco White
  • Portland
  • Alec Benjamin
  • Do Nothing
  • Eckoes
  • Tuys
  • Balthazar
  • The Choppy Bumpy Peaches
  • Last Train
  • Nate Wood

Parallel zu de Concerte goufen de ganzen Dag Workshops fir Leit, déi an der Museksbranche schaffen oder aktiv sinn, organiséiert.

2020 änneren

2020 war kee Festival.

2021 änneren

2021 ware keng Concerte méi, mee eng Rei Onlineevenementer goufen organiséiert, dorënner Sessiounen, an deene Kënschtler a Gruppen hir Lidder a "geheimen an ongewéinleche" Plaze gespillt hunn an dobäi gefilmt goufen, an e ronnen Dësch iwwer d'Zukunft vu Museksfestivallen a -konferenzen.[9]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. wort.lu: "Sonic Visions"-Festival: Musiker unterstützen und begleiten (20. November 2013)
  2. wort.lu: Ein Konzept mit Haken (30. November 2009)
  3. wort.lu: Sonic Visions: Funke übergesprungen (28. November 2011)
  4. wort.lu: "Get It" ist Video-Clip des Jahres (23. November 2013)
  5. L'essentiel: «Sonic Visions»: Zum Zehnten an neuem Ort (24. Mee 2017)
  6. 6,0 6,1 sonicvisions.lu: All about Sonic Visions 2017! (19. November 2017)
  7. L'essentiel: Les nouveaux talents ont brillé au Sonic Visions (18. November 2018)
  8. rockhal.lu: SONIC VISIONS - Saturday, 17 November 2018
  9. Editioun 2021 op sonicvisions.lu