Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Eng Naschtkëscht[1] ass déi klassesch Form vun enger vu Mënsche gebauter Hëllef fir z'äschten.

Routbrëschtchen bei enger Naschtkëscht.
Presentatioun vu verschiddenen Typpe vun Naschtkëschten zu Kristiansand an Norwegen.

Opbau an Zweck änneren

Naschtkëschten hunn en Huelraum, dee vu verschiddenen Déierenaarte fir d'Zille vun de Jongdéieren oder fir d'Iwwernuechte benotzt ka ginn. Se hëllefe virun allem beim Aarteschutz an eegne sech besonnesch fir Vullen déi normalerweis a klengen Hielen oder Nische bréien, oder fir Mamendéiere wéi Fliedermais, Siweschléifer oder Gaardeschléifer an Insekten.

Scho virun e puer Joerzéngten huet d'Konstruktioun vun den Naschtkëschte ganz ënnerschiddlech ausgesinn, jee nodeems wéi eng Déierenaart sollt ugesidelt ginn a wéi e Baumaterial benotzt gouf.

Et ass wichteg datt d'Naschtkëschte virum Zougrëff vun aneren Déiere geschützt sinn.

Op onbeopsiichtegte Plazen (Bëscher, Parken, Kierfechter, ...) sollen d'Naschtkëschten wa méiglech op enger Héicht vun op d'mannst véier Meter opgehaange ginn.

Referenzen an Notten änneren

  1. Am Géigesaz dozou ass e Vullenhaischen eng iwwerdaacht Fudderplaz fir Vullen.