CubeSat ass en internationale Programm deen 1999 vun der Stanford University a vun der California Polytechnic State University initiéiert gouf a mat deem ee käschtegënschteg Klengsatellitten an eng Ëmlafbunn brénge kann.

Den nCube-2, e norwegesche CubeSat
De GeneSat-1 als Beispill fir en Dräifach-CubeSat
Fräisetzungstest vun OSSI 1, 2012.

Spezifikatioun änneren

Dofir gouf e standardiséiert Format gemaach, deem déi Satellitten entsprieche mussen: Si hunn an der Standardform (1U von (U = unit) fir eng Eenheet) Ofmiessunge vun 10 cm × 10 cm × 10 cm an e Gewiicht vu maximal 1,33 kg. D'Satellitte ginn an enger spezieller Startvirriichtung (Poly Picosatellite Orbital Deployer oder P-POD), déi dräi CubeSats ophuele kann, als Sekundärnotzlascht bei Satellittestarte matgeholl. Ausserdeem gouf vum japaneschen Titech eng Startvirriichtung fir eenzel CubeSaten entwéckelt.

Als Vergréisserung vum CubeSat-Format sinn och duebel (2U, 20 cm × 10 cm × 10 cm, 2 kg) an dräifach (3U, 30 cm × 10 cm × 10 cm, 3 kg) CubeSate méiglech.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: CubeSat – Biller, Videoen oder Audiodateien