00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
My Chemical Romance

My Chemical Romance (2011)
Grënnung: 2001
Trennung: 2013
Genre: Alternative Rock, Post-Hardcore
Websäit: mychemicalromance.com
Memberen
Gesank: Gerard Way
Gittar & Gesank: Ray Toro
Bassgittar: Mikey Way
Gittar & Gesank: Frank Iero (2002-13)
Keyboard, Perkussioun: James Dewees (2012-13)
Batterie, Perkussioun: Matt Pelissier (2001-04)
Batterie, Perkussioun: Bob Bryar (2004-10)

My Chemical Romance war eng Rockband aus New Jersey. Den Numm „My Chemical Romance“ kënnt aus dem Roman Ecstasy vum Irvine Welsh. Hire Stil gëtt dacks als Alternative Rock oder Post-Hardcore bezeechent.

Bandgeschicht änneren

Grënnung änneren

Gegrënnt gouf My Chemical Romance 2001 vum Gerard Way an dem Ex-Drummer Matt Pelissier, déi zesumme mam Mikey Way an dem Ray Toro d'Éischtbesetzung gebilt hunn.

Am Joer 2002 koum de Gittarist Frank Iero dobäi, well ee séier gemierkt huet, datt en zweete Gittarist nieft dem Ray gebraucht gëtt. De Frank huet zanter sengem eelefte Liewensjoer an enger Abberzuel Bands gespillt. Nëmmen e puer Deeg éier hie bei My Chemical Romance Member ginn ass, huet sech seng Band Pencey Prep, wou hie Sänger a Gittarist war, opgeléist.

I Brought You My Bullets You Brought Me Your Love änneren

D'Debutalbum I Brought You My Bullets You Brought Me Your Love gouf nënne dräi Méint no der Grënnung vun der Band bannent zwou Wochen agespillt a beim Plackelabel Eyeball Records verëffentlecht. D'Plack gouf als ee vun den erfollegräichsten Emoalbume vum Joer 2002 gefeiert. D'Singelen aus dësem Album waren Honey, This Mirror Isn't Big Enough for the Two of Us, Vampires Will Never Hurt You an Headfirst for Halos.

2003 gouf e Contract bei Reprise Records ënnerschriwwen a My Chemical Romance si duerch Amerika a Japan getourt. Wärend dëser Zäit gouf schonn un engem zweeten Album geschafft. Opgrond vum Gerard senge massiven Alkohol- a Drogeproblemer, huet ee seriö iwwer en Tourofbroch nogeduecht. Nodeem se d'Tour hanner sech haten, gouf decidéiert, sech vum Matt Pelissier ze trennen a hien duerch de Bob Bryar z'ersetzen. De Bob war virdru Soundtechniker bei The Used.

Three Cheers for Sweet Revenge änneren

2004 koum den Album Three Cheers for Sweet Revenge eraus, dat vum Starproduzent Howard Besons produzéiert gouf. Mat dësem Album koum de weltwäiten Erfolleg, haut schwätzt ee vun der My Chemical Romance Explosion. Déi gréisst Musekszeitunge vun iwwerall op der Äerd hu sech em se gerappt, Dausende vu T-Shirten a verschidden aner Merchandise goufen iwwer all op der Welt verkaaft a fir déi éischt Kéier gouf ee vun hiren Optrëtter bei MTV: TRL Live iwwerdroen, wou se mat enger Police-Eskort hu missen higefouert ginn, fir duerch d'Fans duerchzekommen.

Three Cheers for Sweet Revenge huet sech eleng an der éischter Woch an den USA iwwer 11.000-mol verkaaft an huet mëttlerweil Platinstatus erreecht. Mä den Erfolleg koum ze séier, besonnesch de Gerard huet sech iwwerrannt gefillt an huet sech nees a seng Drogesucht geflücht, déi hie bis bal an de Suicide gedriwwen huet. Wéi alles no enger Eskalatioun ausgesinn huet, huet hie mam Bandmanager geschwat, deen hien dovun iwwerzeege konnt, eng Therapie ze maachen. Mat Erfolleg.

Ufank 2005 huet My Chemical Romance Green Day op hirer American Idiot-Tour als Virband begleet a sinn kuerz duerno selwer op grouss Welttournee gaangen.

The Black Parade änneren

Den 10. Abrëll 2006 gouf mat den Opnamen ugefaangen a genee zwee Joer no Three Cheers For Sweet Revenge kënnt elo The Black Parade eraus, e Konzeptalbum zum Theema Doud, ënner anerem duerch Kriibs. D'Single Welcome to the Black Parade ass déi mat Ofstand erfollegräichste Single vun der Band an ass an den UK-Charts no der zweeter Woch op Plaz 1. En Highlight op The Black Parade ass den Titel Mama, bei deem d'Musicallegend Liza Minnelli op Wonsch vun der Band d'Gaaschtvocals iwwerholl huet.

Aflëss änneren

De gréisste musekaleschen Afloss hat um Ufank The Misfits, Morrissey, The Smiths an Iron Maiden op d'Entwécklung vun der Band. An der Tëschenzäit hu se hiren eegene Stil fonnt, dee gewëssermoossen aus enger Mëschung aus Comic, Horro a Fantasy besteet, wat sech an de Songtexter, Musekvideoen an op den CD-Coveren erëmspigelt. D'Covere si bal alleguer selwer vum Sänger Gerard Way, dee bei der Grënnung vun der Band als professionelle Comiczeechner geschafft huet.

My Chemical Romance zu Lëtzebuerg änneren

Discographie änneren

Studiosalbumen änneren

Joer Titel Chartclassement[1]
DE AT CH UK US
2002 I Brought You My Bullets,
You Brought Me Your Love
2004 Three Cheers for Sweet Revenge 57
(3 Wo.)
73
(1 Wo.)
34
(40 Wo.)
28
(77 Wo.)
2006 The Black Parade 11
(14 Wo.)
4
(20 Wo.)
18
(6 Wo.)
2 (59 Wo.) 2
(80 Wo.)
2010 Danger Days: The True Lives of the Fabulous Killjoys 18
(5 Wo.)
15
(4 Wo.)
25
(3 Wo.)
14
(25 Wo.)
8
(15 Wo.)

Livealbumen änneren

Joer Titel Chartclassement[1]
DE AT CH UK US
2006 Life on the Murder Scene 53
(2 Wo.)
30
(4 Wo.)
2008 The Black Parade Is Dead! 51
(1 Wo.)
24
(3 Wo.)
12
(4 Wo.)
22
(3 Wo.)

Kompilatiounen änneren

Joer Titel Chartclassement[1]
DE AT CH UK US
2012 Conventional Weapons
2014 May Death Never Stop You 66
(1 Wo.)
15
(4 Wo.)
9
(5 Wo.)
2016 The Black Parade/Living with Ghosts

EPen änneren

  • 2002: Like Phantoms, Forever
  • 2005: Warped Tour Bootleg Series
  • 2007: Live and Rare
  • 2009: The Black Parade: The B-Sides
  • 2010: The Mad Gear and Missile Kid
  • 2011: iTunes Festival: London 2011

Um Spaweck änneren

Commons: My Chemical Romance – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Chartquellen: DE AT CH UK US