Korea Astronomy and Space Science Institute

De Korea Astronomy and Space Science Institute (KASI), gegrënnt am Joer 1974 ass dat staatlecht Fuerschungsinstitut fir Astronomie vun der Republik Korea. Et steet zu Daejeon an ass am Besëtz vun ettlechen Observatoiren.

Observatoiren änneren

Sobaeksan Optical Astronomy Observatory änneren

De Sobaeksan Optical Astronomy Observatory (SOAO) ass en Observatoire zu Tanyang an de Sobaek-Bierger. Si hat hir Ouverture am Joer 1978 an ass am Besëtz vun engem 61-cm-Spigelteleskop.

Bohyunsan Optical Astronomy Observatory änneren

De Bohyunsan Optical Astronomy Observatory (BOAO) ass en Observatoire op dem Bierg Bohyun zu Youngchun. Si gouf 1996 gegrënnt an huet e Ritchey-Chrétien-Teleskop mat engem Duerchmiesser vun 1,8 Meter.

Taeduk Radio Astronomy Observatory änneren

Den Taeduk Radio Astronomy Observatory (TRAO) ass e Radioobservatoire an der Stad Daejeon. Et huet e Radioteleskop vu 14-Meter.

Korean VLBI Network änneren

De Korean VLBI Network (KVN) ass e Radioobservatoire mat dräi interferometresch gekoppelten Teleskopen zu Seoul, Seogwipo an Ulsan. Mat hinne kënnen Observatiounen am 2-, 8-, 22- an am 43-GHz-Band gemaach ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren