Monument fir d'gefale Foussballisten Péiteng
Monument zu Éiere vu 7 Spiller vum Péitenger Foussball déi net aus dem Krich erëmkoumen
D'Monument fir d'gefale Foussballisten Péiteng ass e Monument zu Éiere vu 7 Spiller vum Péitenger Foussball déi net aus dem Krich erëmkoumen, nodeem se zwangsrekrutéiert waren. D'Monument steet beim Stade municipal zu Péiteng
Typ | Krichsmonument |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Péiteng |
Plaz | Péiteng |
Koordinaten | 49°33'27,14"N, 5°51'27,43"O |
Ageweit | 14. Mee 1950 |
Nimm vun de gefalene Foussballisten:
|
|
D'Monument stoung fir d'éischt beim fréiere Stade Antoine Nangeroni (49° 33’ 37’’ N 5° 52’ 33.5’’ O) an der Kuerstrooss, wou et de 14. Mee 1950 ageweit gouf. Wéinst dem Bau vum Contournement vu Péiteng (N 31), uganks der 1990er Joren, gouf d'Monument ofgerappt an et huet 10 Joer gedauert bis et beim neie Stade municipal op der Attemer Strooss (N 5D) nees opgeriicht gouf an de 6. Juli 2003 ageweit gouf.