Monrose

däitsch Popgrupp

Monrose war eng däitsch Popgrupp déi aus dräi Sängerinne bestoung. Si gouf 2006 an der fënnefter Staffel vun der Castingshow Popstars zesummegestellt, déi um Sender ProSieben gewise gouf. Si hunn hiren éischten Album Temptation am Dezemeber 2006 verëffentlecht an haten domat groussen Erfolleg an Zentraleuropa. En huet sech 600.000 Mo verkaaft an déi éischt Singleauskopplung Shame war en Nummer-Eent-Hit an den däitschsproochege Länner.

Monrose
Senna Guemmour, Mandy Capristo a Bahar Kızıl (vu riets, 2009)
Genre: Popmusek
Land: Däitschland
Grënnung: 2006
Trennung: 2011
Säit am Web: wwwmonrose.de
Memberen
Gesank: Mandy Capristo
Gesank: Senna Guemmour
Gesank: Bahar Kızıl

Am September 2007 koum hiren zweeten Album Strictly Physical eraus, op deem den zweeten Hit Hot Summer ze fanne ass. Op hirem drëtte Studiosalbum Ladylike war hir lescht Top-10-Single Like a Lady ze fannen. Monrose war eng vun de wéinege Gruppen aus enger däitscher Castingshow, déi iwwer eng länger Zäit erfollegräich war an am Ganzen iwwer 3 Millioune Placke verkaaft huet. Am November 2010 hu si bekannt ginn, datt si sech géifen trennen. De leschte gemeinsamen Optrëtt haten déi dräi Memberen de 27. Februar 2011.

Memberen änneren

Discographie änneren

Albumen änneren

Joer Titel Chartclassement [1] Remark
DE AT CH
2006 Temptation 1
(22 Wo.)
1
(17 Wo.)
1
(17 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 8. Dezember 2006
Verkeef: + 450.000
2007 Strictly Physical 2
(26 Wo.)
7
(12 Wo.)
6
(10 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 21. September 2007
Verkeef: + 150.000
2008 I Am 9
(14 Wo.)
20
(4 Wo.)
14
(5 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 26. September 2008
2010 Ladylike 10
(13 Wo.)
26
(5 Wo.)
25
(5 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 11. Juni 2010
Verkeef: + 30.000[2]

Singelen änneren

Joer Titel Chartclassement [1] Remark
DE AT CH
2006 Shame
Temptation
1
(17 Wo.)
1
(17 Wo.)
1
(18 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 1. Dezember 2006
Verkeef: + 600.000[2]
2007 Even Heaven Cries
Temptation
6
(12 Wo.)
17
(15 Wo.)
19
(7 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 2. Mäerz 2007
Hot Summer
Strictly Physical
1
(16 Wo.)
1
(18 Wo.)
1
(26 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 29. Juni 2007
Verkeef: + 165.000
Strictly Physical
Strictly Physical
6
(11 Wo.)
16
(10 Wo.)
29
(8 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 14. September 2007
What You Don't Know
Strictly Physical
6
(18 Wo.)
16
(13 Wo.)
34
(10 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 7. Dezember 2007
2008 Strike the Match
I Am
10
(10 Wo.)
16
(10 Wo.)
11
(12 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 6. Juni 2008
Hit 'n' Run
I Am
16
(9 Wo.)
29
(6 Wo.)
55
(5 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 4. Oktober 2008
Why Not Us
I Am
27
(8 Wo.)
53
(2 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 28. November 2008
2010 Like a Lady
Ladylike
9
(18 Wo.)
9
(16 Wo.)
13
(10 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 28. Mee 2010
This Is Me
Ladylike
22
(11 Wo.)
28
(6 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 27. August 2010
Breathe You In
Ladylike
60
(2 Wo.)
Éischtverëffentlechung: 3. Dezember 2010
Nummer-Eent-Singelen 2 2 2
Top-20-Singelen 8 7 5

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Chartquellen: DE AT CH
  2. 2,0 2,1 oljo.de: Popstars Gruppe Monrose von Plattenfirma gefeuert, Trennung! (25. November 2010)


Um Spaweck änneren

Commons: Monrose – Biller, Videoen oder Audiodateien