Popstars

internationalen Reality-TV-Program

Popstars war en international produzéierte Reality-TV-Programm, an där Popgruppen gecast goufen. Déi éischt Editioun ass 1999 an Neiséiland ugelaf. Duerno ass d'Sendung a méi wéi 50 Länner adaptéiert ginn, wat se zu enger vun den erfollegräichste Fernseesendungen op der Welt mécht.

Länner, an deenen eng eege Versioun vu Popstars produzéiert ginn ass

Popstars an Däitschland änneren

 
Logo vun der däitscher Editioun vu Popstars

Däitschland ass ee vun de Länner, dat am meeschten eege Staffele produzéiert huet. Am Ganze sinn tëscht 2000 an 2015 11 Staffele Popstars gelaf. Wärend déi éischt Staffelen nach vill Zuschauer haten an d'Gewënnergruppen e grouss kommerziell Erfolleger konnte feieren (besonnesch d'No Angels a Monrose), hunn déi lescht Gruppen an den Charts esou gutt wéi keng Roll méi gespillt. Och d'Aschaltquote waren an de leschte Joren enttäuschend.

Staffel 1 (2000) änneren

 
No Angels beim Eurovision Song Contest 2008
  • Titel: Du bist mein Traum
  • Jury: Simone Angel, Mario M. Mendryzcki, Rainer Moslener
  • Band: No Angels
  • Nieweprodukt(e): Curly, Fresh'n'Juicy
  • Coaches: Detlef Soost

No der Victoire vun den No Angels ass hir Single Daylight in your eyes International op Plaz 1 komm. D'No Angels si bis haut déi Popstars-Band mat deem gréisste Succès.

Staffel 2 (2001) änneren

 
Bro'Sis an Hamburg
  • Titel: Du bist mein Traum
  • Jury: Alex Christensen, Detlef Soost, Noah Sow
  • Band: Bro'Sis
  • Nieweprodukt(er): Yasmin K., Senad, Johnny MC
  • Coaches: Artemis Gounaki, Detlef Soost

Nom Erfolleg vun den No Angels huet RTL2 nach eng Kéier eng Staffel gemaach. Bei der 2. Staffel konnte Männer a Frae matmachen. Déi éischt Single vu Bro'Sis, I belive, hat méi Succès wéi de Start vun den No Angels. Och dee follgenden Album hat vill Succès, mä déi, déi nokoumen, net méi sou.

Staffel 3 (2003) änneren

  • Titel: Das Duell!
  • Jury: Uwe Fahrenkrog-Petersen, Sabrina Setlur, Detlef Soost
  • Band: Overground
  • Nieweprodukt(er): Fabrizio, Preluders
  • Coaches: Artemis Gounaki, Detlef Soost

Déi 3. Staffel gouf op ProSieben gewissen an Overground gouf gecast. Des Kéier gouf et an der Finall en Duell tëscht enger Boygroup an enger Girlgroup. Wéi bei Bro'Sis hat déi éischt Single (Schick mir ’nen Engel) an deen éischten Album (It's Done!) jett Succès. Duerno war et domat séier eriwwer.

Och d'Girlgroup Preluders konnt en Nummer-Eent-Hit an Däitschland (Everyday Girl).

Staffel 4 (2004) änneren

 
Nu Pagadi
  • Titel: Jetzt oder nie!
  • Jury: Uwe Fahrenkrog-Petersen, Lukas Hilbert, Sandy Mölling
  • Band: Nu Pagadi
  • Nieweprodukt(er): Tryna
  • Coaches: Artemis Gounaki, Detlef Soost, Arno Schmitt, Robin D.

Déi 4. Staffel gouf als lescht Staffel ugekënnegt. Gecast gouf d'Band Nu Pagadi, déi een als One-Hit Wonner bezeechne kann. Hiren eenzegen Hit war Sweetest Poison.

Staffel 5 (2006) änneren

 
Monrose
  • Titel: Neue Engel braucht das Land!
  • Jury: Dieter Falk, Nina Hagen, Detlef Soost
  • Band: Monrose
  • Nieweprodukt(er): Bisou
  • Coaches: Arno Schmitt, Julie Denise Hyangho, Stafano Maggio, Rafael Antonio

Gecast gouf heibäi d'Girlgroup Monrose. Monrose gehéiert zu den erfollegräichste Popstars-Bands. Si konnt all hir véier Studiosalbumen an den däitschen Top 10 placéieren. Zwee vun hire Singelen - Shame (2016) an Hot Summer (2007) - stoungen op der éischter Plaz vun den Charts an Däitschland, Éisträich an der Schwäiz.

Staffel 6 (2007) änneren

 
Room2012
  • Titel: On Stage!
  • Jury: Jane Comerford, Dieter Falk, Detlef Soost, Marusha, Nina Hagen
  • Band: Room2012
  • Nieweprodukt(er): Mehdi, Marcella McCrae
  • Coaches: Rafael Antonio, Jane Comerford, Julie Denise Hyangho, Arno Schmitt, Detlef Soost

An der sechster Staffel vu Popstars gouf d'Band Room2012 gecast. Hiren Album an hir Debütsingle konnte sech an den däitschen Charts placéieren. Weider Succès ass awer ausbliwwen.

Staffel 7 (2008) änneren

 
Queensberry
  • Titel: Just 4 Girls
  • Jury: Detlef Soost, Sido, Loona
  • Band: Queensberry
  • Coaches: Detlef Soost, Kate Hall, Marco da Silva, Alexander Geringas

Staffel 8 (2009) änneren

  • Titel: Du & Ich
  • Jury: Detlef Soost, Michelle Leonard, Alex Christensen
  • Band: Some & Any
  • Coaches: Detlef Soost, Kate Hall, Stefano Maggio, Rafael Antonio

Staffel 9 (2010) änneren

 
LaVive
  • Titel: Girls forever
  • Jury: Detlef Soost, Marta Jandová, Thomas M. Stein
  • Band: LaVive
  • Coaches: Aino Laos, Dion Davis

Staffel 10 (2012) änneren

  • Titel: Der Weg ist das Ziel
  • Jury: Detlef Soost, Lucy Diakovska, Ross Antony, Senna Guemmour
  • Band: Melouria
  • Coaches: Kate Hall, Detlef Soost, Ross Antony, Lucy Diakovska, Arno Schmitt

2011 huet ProSieben decidéiert Popstars pauséieren ze loossen, an duerch The Voice of Germany z'ersetzen. Am Mäerz 2012 dunn hunn d'Castinge fir déi 10. Staffel an 19 däitsche Stied an zu Wien ugefaangen. Déi éischt Folleg ass de 5. Juli 2012 op ProSieben ausgestraalt ginn. D'Final war den 20. September, eng Woch méi fréi wéi geplangt. Grond waren niddreg Aschaltquoten. Am Duerchschnëtt hu just nach 1,50 Milliounen Zuschauer déi 10. Staffel gekuckt.[1]

Gewonnen huet d'Grupp Melouria, déi eng Single (How Do You Do! 2012) mat mëttelméissegem Erfolleg an den Charts konnt placéieren a sech am Mee 2013 opgeléist huet.

Staffel 11 (2015) änneren

 
Leandah
  • Titel: Ganz neue Töne
  • Jury: Stefanie Heinzmann, Miss Platnum, Bella Garcia
  • Band: Leandah
  • Coaches: Janine Meyer, Pamela Falcon, Pepita Maria Bauhardt

Déi 11. Staffel vu Popstars an Däitschland ass 2015 um Sender RTL II gesent ginn. An aacht Episoden ass eng Girlgroup zesummegestallt ginn. Et war déi éischt Staffel zënter dem Ufank vun der Sendung, an där den Detlef Soost net méi an der Jury souz. D'Aschaltquote waren immens schlecht; duerchschnëttlech hunn nëmmen nach 0,53 Millioune Zuschauer d'Sendung gekuckt.[2] Dat war de schlechtste Wäert vun alle Staffelen.

D'Gewënnergrupp Leandah huet een Titel produzéiert (Tage wie Juwelen), deen et awer net an déi däitsch Singlecharts gepackt huet. Si huet sech am Februar 2016 schonn erëm opgeléist.

Referenzen änneren

  1. Quotenmeter: Quotencheck «Popstars» (21. September 2012)
  2. Quotenmeter: Quotencheck «Popstars» (20. Oktober 2015)