De Square Jan Palach ass eng Plaz an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se läit am nordwestlechen Eck vun der Plëss d'Arem, tëscht dem Hotel de Gerden an der Rue de la Poste.

Square Jan-Palach
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Koordinaten 49°36'40,6260"N, 6°7'42,9550"O
Geschicht
Genannt no Jan Palach

Geschicht änneren

D'Plaz ass nom Jan Palach benannt, engem tschechoslowakesche Student, dee sech de 16. Januar 1969 zu Prag aus Protest géint d'Nidderschloe vum Prager Fréijoer a géint d'Diktat vun der Sowjetunioun selwer verbrannt huet.

Op Initiativ vum Lëtzebuerger Solidaritéitskommitee mam tschechesche Vollek huet d'Plaz den 20. August 1969 hiren Odonym kritt; deemools ass och eng Gedenkplack fir Märtyrer ubruecht ginn an. De Frinn Zürn, Member vum Solidaritéitskommittee, war wärend dem Zweete Weltkrich zu Prag wéinst Aktivitéiten an der Resistenz do am Prisong, an hat zanterdeemms vill Kontakter am Land.[1]

Obwuel dat keng offiziell Decisioun vum Gemengerot war, gouf den Numm esou bäibehalen.[2] De 17. Mäerz 1991 huet de Staatspresident vun der Tschechecher a Slowakescher Federativer Republik Václav Havel bei engem Staatsbesuch eng Gerbe do néiergeluecht.[3] Bis an d'2020er Joren eran, gi meeschtens ëm de Joresdag vum Palach sengem Doud, Kommemoratiounszeremonien op der Plaz organiséiert.

Op der Plaz steet d'Dicks-Lentz-Monument, dat 1903 ageweit gouf.

D'Plaz ass fir d'éischt 1985 - zesumme mam Reamenagement vun der Plëss d'Arem - an duerno 2015/2016 nei amenagéiert ginn.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Square Jan-Palach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. "Frinn Zürn †." ons stad Nr. 63/2000, S.26.
  2. Romain Durlet: "Die Tschechen erinnern an den Tod von Jan Palach vor 40 Jahren." Tageblatt Nr. 10, 13. Januar 2009, S. 24.
  3. "La visite d'Etat à Luxembourg de Monsieur Vaclav Havel, Président de la République Federative Tchèque et Slovaque du 17 au 19 mars 1991." SIP: Bulletin de documentation 2/1991, S.6.