Seelbunn Rochonvillers-Ëtteng

D'Seelbunn Rochonvillers-Ëtteng war eng Seelbunn fir de Minett vun der Minière vu Rochonvillers op Ëtteng ze transportéieren. Si huet vum August 1962 bis de Juni 1966 funktionéiert.[1]

Tëscht Ëtteng an Nonkeel gouf d'Äerz zesumme mat deem vun der Minière Ëtteng II a grousse Siloe mat enger Capacitéit vun 12.000 Tonne stockéiert, a vun do aus iwwer e Privatgleis bis op Rëmeleng a vun do weider op d'Schmelz vu Rodange transportéiert. Am Ganze goufe sou eng ronn 130.000 Tonnen de Mount transportéiert.

Wéi den 30. Juni 1966 d'Minn zougemaach gouf, war et och mat der Seelbunn eriwwer.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Allamano, W; Les téléphériques au Grand-Duché de Luxembourg et en Lorraine