Joëlle Welfring

lëtzebuergesch Politikerin

D'Joëlle Welfring, gebuer den 22. Juni 1974 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng Staatsbeamtin a Politikerin (déi gréng).

Joëlle Welfring
Gebuer 22. Juni 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei déi gréng

Karriär änneren

No hirem Secondairesstudium am Lycée Hubert-Clément huet d'Joëlle Welfring 1997 eng Maîtrise an der Biochimie op der Université Louis Pasteur zu Stroossbuerg gemaach an dono e Master an Ëmweltwëssenschaften op der Universitéit Brunel zu Uxbridge.

Vun 2010 bis 2014 war si Direktesch vum Departement Business Development am CRP Henri Tudor, nodeems si do scho virdrun de Centre de ressources des technologies pour l'environnement (CRTE) geleet hat[1].

Dono gouf si Vizedirektesch vun der Ëmweltverwaltung, an am Abrëll 2022 Direktesch dovun.

Ma schonn den 2. Mee 2022 gouf si zur Ëmweltministesch an der Regierung Bettel-Lenert-Bausch ernannt, nodeems d'Carole Dieschbourg vun dëser Funktioun zeréckgetruede war[2][3][4].

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt.

Si ass Mamm vun 2 Kanner.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Joëlle Welfring: Biographie." gouvernemnet.lu, gekuckt 02.05.2022.
  2. "Regierungsëmbildung." Communiqué op gouverenement.lu, 2. Mee 2022.
  3. Arrêté grand-ducal du 2 mai 2022 portant nomination de Madame Joëlle WELFRING à la fonction de Ministre. - Legilux. legilux.public.lu (02.05.2022). Gekuckt de(n) 04.05.2022.
  4. Arrêté grand-ducal du 2 mai 2022 portant attribution des compétences ministérielles aux membres du Gouvernement. - Legilux. legilux.public.lu (02.05.2022). Gekuckt de(n) 04.05.2022.