Miller (Moundkrater)
Moundkrater
De Miller ass en Aschlagkrater am Süde vun der viischter Moundsäit, südëstlech vum Mare Nubium, nordwestlech vum Krater Stöfler an nërdlech vum Krater Nasireddin, deem säi Rand hie beréiert. De Krater ass normal erodéiert, an den Zentrum huet Terrasséierungen an en Zentralbierg.
De Krater Miller läit riets (Foto: Lunar Orbiter 4) | |
Koordinaten | 39°22'12"S, 0°46'48"O |
---|---|
Duerchmiesser | 61,4 km |
Déift | 3.550 m |
Selenographesch Längt | 0° bei Sonnenopgank |
Genannt no | William A. Miller |
Moundvéiereck | LQ27 |
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 37,69° S, 1,7° O | 37 km | [1] |
B | 37,68° S, 0,83° O | 11 km | [2] |
C | 38,2° S, 0,44° W | 35 km | [3] |
D | 38,05° S, 2,91° O | 5 km | [4] |
E | 38,93° S, 2,66° O | 7 km | [5] |
K | 39,94° S, 0,75° O | 5 km | [6] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom britteschen Astrochemiker William Allen Miller (1817−1870) genannt.