Middelburg

Haaptuert vun der Gemeng mam selwechten Numm

Middelburg ass eng Stad a Gemeng am Südweste vun Holland, an Haaptstad vun der Provënz Zeeland. Et läit op der Hallefinsel Walcheren.

D'Gemeng huet (den 1. Juli 2006) 47.168 Awunner an eng Fläch vu 49 km².

Wichtegst Uertschaften an der Gemeng änneren

Geschicht vu Middelburg änneren

Middleburg gouf am 8. oder 9. Joerhonnert gegrënnt, fir de Wikingerinvasiounen de Bass ze halen. 844 gouf do eng Abtei gebaut, déi bis zum Achtzegjärege Krich bestoung. Haut ginn d'Gebaier als Musée an als Sëtz vun der Provënzregierung benotzt. 1217 huet Middelburg Stadrechter kritt.

 
Gotescht Stathaus

D'Stad war e wichtegen Handelszentrum. Am Mëttelalter huet et eng wichteg Roll am Handel tëscht Flandern an England gespillt. Méi spéit, am 17. Joerhonnert (dem Hollännesche Gëllenene Zäitalter), gouf et eng wichteg Handelsstad fir d'Hollännesch Ostindiengesellschaft. Honnertdausende vun Afrikanesche Sklave goufe vu Middelburg an Amerika transportéiert.

De 17. Mee 1940 huet déi däitsch Luftwaffe e groussen Deel vun der Stad futtigebommt.

Kuckeswäertes änneren

Eng Rëtsch stengen Haiser a Lagerhale laanscht de Kanal aus dem 17. Joerhonnert sinn erhale bliwwen. Och d'Festungsgrief aus dem 18. Joerhonnert ronderëm de mëttelalterleche Stadkär sinn nach ze gesinn. Eenzeg erhale Stadpaart ass d'Koepoort ("Koupaart").

Jumelagen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Middelburg – Biller, Videoen oder Audiodateien