Mercury-Little-Joe 6
Mercury-Little-Joe 6 war en onbemannten Testfluch am Kader vum Mercury-Programm vun der NASA. De Fluch war gemaach gi fir d'Rettungsrakéit ze testen, déi op engem net funktiounsfäege Modell vun der Mercury-Kapsel souz. D'Kapsel ass ronn 127 km wäit geflunn an hat eng Héicht vun 59,5 km erreecht. D'Maximalvitess war 4.949 km/h, d'Maximalacceleratioun war 5,9 g. D'Notzlaascht war 1.134 kg schwéier.
Little Joe 6 (LJ-6) | |
---|---|
Typ | Mercury-Programm |
Land | USA |
Agentur | NASA |
Orbit | atmosphäresche Fluch |
Apogeum | 59,5 km |
Streck | 127 km |
Start | 4. Oktober 1959 |
Startplaz | Wallops Flight Facility, Virginia |
Landung | 4. Oktober 1959 |
Landeplaz | Atlantik |
Dauer | 5min 10s |
Drorakéit | Little Joe |
Missioun virdrun | Mercury-Big-Joe 1 |
Missioun dono | Mercury-Little-Joe 1A |