De Big Joe 1 war en onbemannte Fluch am Kader vum Mercury-Programm, bei deem d'Mercury-Kapsel-Hëtzeschëld getest gouf. Dofir gouf e Modell vun der Kapsel mat enger Atlas-D-Rakéit (Seriennummer Atlas 628/10-D) gestart. Déi béid baussenzeg Dreifwierker vun der Rakéit hate sech awer net wéi geplangt getrennt, wouduerch déi uviséiert Héicht net erreecht konnt ginn. Och d'Oftrenne vun der Kapsel vun der Rakéit war 138 Sekonnen ze spéit. D'Kapsel hat seng Waasserlandung dofir 800 km vun der berechenter Landeplaz ewech a gouf eréischt no 7 Stonnen op der Héicht vu Puerto Rico vum Zerstéierer Strong entdeckt an aus dem Waasser geholl. D'Hëtzschëld hat no Plang funktionéiert an d'Kapsel hat den Neesantrëtt an d'Atmosphär onbeschiedegt iwwerstanen. Well bei dësem Fluch genuch Date gesammelt goufen, war déi geplangt Big-Joe-2-Missioun ofgesot ginn.

Big Joe 1 (BJ-1)
Atlas-Rakéit mat der Mercury-Kapsel
Typ Raumfaartmissioun
Land  USA
Agentur NASA
Apogeum 153 km
Streck 2.292 km
Orbit suborbitale Fluch
Dauer 13 min
Start 9. September 1959
Startplaz LC-14, Cape Canaveral, Florida
Drorakéit Atlas D
Landeplaz Atlantik
Missioun virdrun
Misioun dono
Mercury-Little-Joe 1
Mercury-Little-Joe 6

De Start vu Big Joe 1 war eigentlech fir de 4. Juli 1959 geplangt. Wéinst Problemer mam Haaptdreifwierk a spéider wéinst Telemetrieproblemer gouf de Start zweemol verréckelt.

Déi gebraucht Kapsel kann an der Garber Facility vum National Air and Space Museum zu Washington D.C. gekuckt ginn.

Déi Maximalvitesse war 23.910 km/h, déi maximal Accelleratioun louch bei 12 g. D'Kapsel war eng Streck vun 2292 km geflunn, déi gréisst Héicht war 153 km an d'Notzlaascht war 1.159 kg.