Little Joe 1A (LJ-1A) war en onbemannten Testfluch am Kader vum Mercury-Programm.

Little Joe 1A (LJ-1A)
D'Little Joe 1A.
Typ Mercury-Programm
nssdc_id LILJOE-1A
Land  USA
Agentur NASA
Orbit atmosphäresche Fluch
Apogeum 14,5 km
Streck 18,5 km
Start 4. November 1959
Startplaz Wallops Flight Facility, Virginia
Landung 4. November 1959
Landeplaz Atlantik
Dauer 5min 10s
Drorakéit Little Joe
Missioun virdrun Mercury-Little-Joe 6
Missioun dono Mercury-Little-Joe 2

Wéi scho bei der feelgschloener Little-Joe 1 Missioun sollt e Fluchofbruch bei maximaler aerodynamescher Belaaschtung (Max Q) simuléiert ginn. Dofir gouf e Kapselmodell inkl. Rettungsrakéit mat enger Little Joe Rakéit gestart. D'Signal fir de Fluchofbroch koum och zum gewënschten Zäitpunkt, leider hat et awer e puer Sekonne gedauert, bis d'Rettungsrakéite genuch Schub produzéiert hunn, sou datt den Ament vun der maximaler aerodynamescher Belaaschtung scho laanscht war. Dofir gouf de Fluch mat Little-Joe 1B nees widerholl. Well d'Missioun soss erfollegräich verlaf wier, konnt bei Little Joe 1B en Af transportéiert ginn.

D'Maximalvitess war 3.254 km/h, déi maximal Acceleratioun war 16,9 g. D'Kapsel hat eng Streck vun 18,5 km iwwerflunn, den héchste Punkt louch bei enger Héicht vu 14,5 km. D'Notzlaascht war 1.007 kg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie