Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Memorial Marco Pantani ass eng Vëloscourse vun engem Dag, déi an der italieenescher Regioun Emilia-Romagna gefuer gëtt.

D'Course gëtt zu Éiere vum verstuerwene professionelle Vëlossportler Marco Pantani (1970 - 2004) organiséiert. Déi éischt Oplo gouf de 5. Juni 2004 disputéiert.

Zanter 2006 gehéiert de Memorial Marco Pantani zum UCI Europe Tour. Nodeem dës Course 2006 an der Klass 1.2 war, ass se zanter 2007 an der Klass 1.1 agestuuft.

2013 war d'Course gläichzäiteg den Giro della Romagna an huet Memorial Marco Pantani-Giro della Romagna geheescht.[1]

D'Gewënner änneren

2004: Damiano Cunego   Italien
2005: Gilberto Simoni   Italien
2006: Daniele Bennati   Italien
2007: Franco Pellizotti   Italien
2008: Enrico Rossi   Italien
2009: Roberto Ferrari   Italien
2010: Elia Viviani   Italien
2011: Fabio Taborre   Italien
2012: Fabio Fellini   Italien
2013: Sacha Modolo   Italien
2014: Sonny Colbrelli   Italien
2015: Diego Ulissi   Italien

Um Spaweck änneren

  1. Presentato il Memorial Marco Pantani - anche Giro della Romagna op der offizieller Websäit vun der Course