Italieenesch Regiounen
Italien ass an 20 Regiounen (ital. regioni, Sg. regione) ënnerdeelt, dovu sinn der 5 autonom Regioune mat engem besonnesche Status.

Institutionell Strukturen
ännerenJiddwer Regioun huet eng direkt gewielte Volleksvertriedung, de Regionalrot (consiglio regionale).
Un der Spëtz vun der Regionalregierung steet de Regionalpresident (presidente della regione).
Wann de President stierft, oder wann hien demissionéiert oder wann en d'Vertrauen entzu kritt, da muss frësch gewielt ginn.
Opdeelung
ännerenMat Ausnam vum Aostadall sinn d'Regiounen a Provënzen agedeelt, vun deenen et der fir de Moment 107 gëtt.
Den Niveau ënner de Provënze sinn d'Gemengen (comuni), vun deenen et der ronn 8.100 gëtt.
D'Gemenge selwer hunn dacks Fraktiounen (frazioni), also Uertschaften déi net Haaptuert vun der Gemeng sinn.
Lëscht
ännerenRegioun | Haaptstad |
---|---|
Abruzzen (Abruzzo) | L'Aquila |
Aostadall (Valle d'Aosta/Vallée d'Aoste) | Aosta (franséisch Aoste) |
Apulien (Puglia) | Bari |
Basilikata (Basilicata) | Potenza |
Emilia-Romagna | Bologna |
Friul-Julesch Venetien (Friuli Venezia Giulia) | Triest (Trieste) |
Kalabrien (Calabria) | Catanzaro |
Kampanien (Campania) | Neapel (Napoli) |
Latium (Lazio) | Roum (Roma) |
Ligurien (Liguria) | Genua (Genova) |
Lombardei (Lombardia) | Mailand (Milano) |
Marken (Marche) | Ancona |
Molise | Campobasso |
Piemont (Piemonte) | Turin (Torino) |
Sardinien (Sardegna) | Cagliari |
Sizilien (Sicilia) | Palermo |
Toskana (Toscana) | Florenz (Firenze) |
Trentino-Südtiroul (Trentino-Alto Adige) | Trient (Trento) |
Umbrien (Umbria) | Perugia |
Venetien (Veneto) | Venedeg (Venezia) |
Um Spaweck
ännerenCommons: Italieenesch Regiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien |