Membre-sur-Semois
Membre oder och Membre-sur-Semois ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Vresse-sur-Semois an der Provënz Namouer. Se läit am Dall vun der Semois, do wou d'Membrette draleeft.
Membre-sur-Semois | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Provënz Namouer |
Arrondissement | Dinant |
Gemeng | Vresse-sur-Semois |
Fläch | 391 |
Koordinaten |
49° 51’ 56.52’’ N 04° 54’ 06.97’’ O |
Telefonszon | 061 |
Postcode | 5560 |
Bis zur Belscher Gemengereform vun 1977 war Membre en eegestänneg Gemeng.
Bis 1933 war Membre un de Schinneverkéier ugeschloss iwwer d'Streck Sedan-Bouillon. Et war eng Tramsstreck an der Meterspuer déi régional ënner dem Numm Le Bouillonnais bekannt war. Haut sinn nach just d'Reschter vun der gesprengter Bréck iwwer d'Semois, an déi zougebaut Entrée vum Tunnel ze gesinn.
Kuckeswäertes
änneren- D'Aussiichtsplaz bekannt ënner dem Numm Point de vue du Jambon.
- D'Westenfelder Uergel an der Parkierch vun 1888.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Uergel vu Membre-sur-Semois.
Literatur
änneren- Abbé L. Evrard, Membre-sur-Semois dans son cadre naturel et historique, Dinant, Bourdeaux-Capelle.