D'Membrette oder Ruisseau de Membre ass eng belsch Baach an der Provënz Namouer um Territoire vun der Gemeng Vresse-sur-Semois.

D'Baach entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer Grief an der Forêt de Sugny südlech vu Sugny op enger Héicht vun 390 Meter, no bei der franséischer Grenz. Se leeft vun do aus an engem schmuelen Dall de ganzen Zäit no Norde fir no engem Laf vu ronn 10 Kilometer op enger Héicht vun 180 Meter zu Membre-sur-Semois an d'Semois ze lafen.