Melancholia ass e Film vum Regisseur Lars von Trier aus dem Joer 2011. E Weltënnerganksdrama erlieft vun zwou Schwësteren.

Melancholia
Film
Produktiounsland Dänemark, Schweden, Frankräich, Däitschland
Produktiounsjoer 2011
Première 6. Oktober 2011
Dauer 130 min
Faarf Faarweg
Format 2,35:1
Filmformat 35 mm
Originalsprooch Englesch
Ekipp
Regie Lars von Trier
Dréibuch Lars von Trier
Fotografie Manuel Alberto Claro
Musek Richard Wagner
Schnëtt Molly Malene Stensgaard
Produzent Meta Louise Foldager,
Louise Vesth
Schauspiller
Kirsten Dunst als Justine
Alexander Skarsgård als Michael
Kiefer Sutherland als John
Charlotte Gainsbourg als Claire
Charlotte Rampling als Gaby
John Hurt als Dexter
Udo Kier als Hochzeitsplaner
Brady Corbet als Tim
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Direkt an der Introsequenz gesäit ee wéi de Planéit Melancholia an d'Äerd kraacht. Den Zuschauer weess domat vun Ufank un datt et keen Happyend ka ginn, der Fatalitéit ass net z'entwutschen.

Den éischten Deel geet zeréck an der Zäit an dréit ëm d'Justine. Och um Dag vun hirer Hochzäit ass hir Freed just opgesat a cachéiert nëmmen hallef hir déif Depressioun, duerch déi et nach an der selwechter Nuecht zum Verloscht vun hirer Aarbechtsplaz an dem Zerwierfnes vun der jonker Koppel kënnt.

Den zweeten Deel handelt vum Drama ëm dem Justine seng Schwëster Claire, virum Hannergrond vum Weltënnergank. Uganks versicht dat staarkt Claire d'Justine ze stäipe fir hiren Zesummebroch z'iwwerwannen. Mä wat de Planéit méi no kënnt, wat d'Claire méi fäertereg gëtt, a wéi si begräift datt d'Enn effektiv kënnt, do aart hir Angscht a Panik aus. Am Kontrast dozou steet d'Justine, déi op eemol immens roueg a gefaasst gëtt well si d'Enn acceptéiert, an déi du versicht d'Claire virun hirer ängschtlecher Agitatioun ze behidden.

Um Spaweck änneren