Meenungsfräiheet
D'Meenungsfräiheet ass e fundamentaalt Mënscherecht an e wesentleche Bestanddeel vun demokratesche Gesellschaften. Si ëmfaasst d'Recht vum Eenzelen, seng Meenungen an Usiichte fräi auszedrécken, ze verbreeden an z'empfänken, ouni dobäi Forme vu staatlecher Zensur oder Repressioun ausgesat ze sinn. Dëst Recht ass a villen internationalen Ofkommessen an och an nationale Verfassunge verankert.
D'Meenungsfräiheet erstreckt sech op verschidden Ausdrocksformen, dorënner geschwaten a geschriwwe Sprooch, kënschtleresch Duerstellungen an digital Kommunikatioun. Si ass enk mat der Pressefräiheet an der Informatiounsfräiheet verbonnen an ass eng wichteg Grondlag fir d'ëffentlech Diskussioun, fir politesch Bedeelegung a gesellschaftleche Fortschrëtt.
Allerdéngs ass d'Meenungsfräiheet an deene meeschte Rechtssystemer net absolut; si kann duerch Gesetzer ageschränkt ginn, déi beispillsweis Diffamatioun, Haassried oder d'Verbreedung vu falschen Informatioune verbidden. An der Lëtzebuerger Verfassung ass d'Meenungsfräiheet generell gereegelt duerch den Artikel 23[1], woubäi awer och aner Artikelen (cf. Art. 15 (5) bei Kanner, Art. 84 bei Deputéierten, Art. 94 bei Membere vun der Regierung) dëst Thema beréieren:
Art. 23
La liberté de manifester ses opinions et la liberté de la presse sont garanties, hormis les infractions commises à l'occasion de l'exercice de ces libertés.
La censure ne peut pas être établie.
Déi méiglech Aschränkungen zu Lëtzebuerg vun der Meenungsfräiheet ergi sech aus dem Artikel 10 vun der Mënscherechtsdeklaratioun, déi nom Zweete Weltkrich vun de Vereenten Natiounen opgestallt gouf an där Lëtzebuerg sech ugeschloss huet[2]: wann et ëm d'national Sécherheet, ëm d'Erhale vum Land als Territoire, ëm d'ëffentlech Sécherheet, ëm d'Oprechterhale vun der ëffentlecher Uerdnung, ëm d'Bekämpfe vu Verbriechen, ëm de Schutz vun der Gesondheet oder der Moral, ëm de Schutz vum Ruff oder de Rechter vu Persounen, a weider, wann et fir ze verhënneren ass, datt vertraulech Informatioune verbreet ginn, a schlussendlech, wann et gëllt ze garantéieren, datt d'Onparteilechkeet an d'Autoritéit vun der Justiz erhale bleiwen, da sinn Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet ubruecht, déi dann duerch Gesetzer musse geholl ginn. Bedroungen ze formuléieren a mat Behaaptungen eng Persoun ze diffaméieren, fir nëmmen déi Beispiller ze nennen, si Verstéiss géint Gesetzer a stellen domat Strofdoten duer.
An der haiteger, digitaliséierter Welt, steet d'Meenungsfräiheet virun neien Erausfuerderungen an Debatten. D'Verbreedung vun Desinformatioun an Haassried op sozialen Netzwierker huet zu Diskussiounen iwwer d'Grenze vun der fräier Äusserung vu Meenungen am Internet gefouert. Op Online-Plattforme gëtt et eng Responsabilitéit vun de Bedreiwer, fir ze moderéieren[3]: dës Moderatioun, déi am Prinzip op d'Oprechterhale vun de gesetzlechen Aschränkunge vun der Meenungsfräiheet begrenzt ass, ass ausdrécklech net mat Zensur ze verwiesselen. Ëmgekéiert bedeit d'Feele vun enger Moderatioun op enger Plattform, dat d'Inhalter déi do ze fanne sinn, jee nodeem, strofbar kéinte sinn: et gëtt deemno och eng Eegeresponsabilitéit vun de Leit, déi um Internet Informatioune weiderverbreeden oder dozou bäidroen.
Op där aner Säit bidden digital Plattformen nei Méiglechkeete fir de weltwäiten Austausch vun Iddien an d'Mobiliséierung vu Biergerinitiativen. De Schutz an d'verantwortungsvollt Ausübe vun der Meenungsfräiheet bleiwen zentral Themen an der gesellschaftlecher a politescher Diskussioun vum jonken 21. Joerhonnert.[4][3]
Referenzen an Notten
änneren- ↑ (fr)Constitution du Grand-Duché de Luxembourg, version consolidée applicable au 01/07/2023. Etat du Luxembourg (01. Juli 2023). Gekuckt de(n) 15. November 2024.
- ↑ (fr)Loi du 29 août 1953 portant approbation de la Convention de sauvegarde des droits de l’homme et des libertés fondamentales, signée à Rome, le 4 novembre 1950, et du Protocole additionnel, signé à Paris, le 20 mars 1952.. Etat du Luxembourg (29. August 1953). Gekuckt de(n) 15. November 2024.
- ↑ 3,0 3,1 (lb)Goerens, Annick, Dir hutt d'Wuert: Geet Iech d'Meenungsfräiheet hautdesdaags net wäit genuch oder ze wäit?. RTL.lu (15. November 2024). Gekuckt de(n) 15. November 2024.
- ↑ (fr)Montaigu, Geneviève, Les fake news inquiètent à la veille des élections. Le Quotidien (10. Dezember 2022). Gekuckt de(n) 15. November 2024.