De Max Brahms, gebuer an der Stad de 4. Juli 1904, an och do gestuerwen de 26. Juni 1979, war bis 1960 e lëtzebuergeschen Arméisoffizéier, an duerno de Baumeeschter vun der Protection civile, déi hie bis 1970 dirigéiert huet.

Max Brahms
Gebuer 4. Juli 1904
Gestuerwen 26. Juni 1979
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller
De Max Brahms a senger Offizéiersuniform.

Säi Liewen änneren

De Max Brahms koum de 4. Juli 1904 an der Stad op d'Welt. Seng Eltere ware bekannt Geschäftsleit, an de Max huet, no sengem Secondairesstudium, an der Industrieschoul um Lampertsbierg, an Däitschland Ekonomie studéiert fir duerno am Familljebetrib ze schaffen. Hie war am Veräinsliewen an am Sport aktiv, an hien hat, wéi méi spéit bekannt gouf, scho Kontakt mam Deuxième Bureau, dem Geheimdéngscht vun der franséischer Arméi.

Wéi den 10. Mee 1940 Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall huet, huet de Max Brahms, dee sech als Judd näischt Guddes vun den Däitschen erwaart huet, sech mat senger Famill op de Wee gemaach fir - no villen Aventuren - de 25. Oktober 1940 England eleng z'erreechen. Hie war a Frankräich vu senger Famill getrennt ginn, an hie sollt kee vun hinne lieweg erëmgesinn.

An England huet hie sech fräiwëlleg an d'brittesch Arméi gemellt. Hie gouf zu Sandhurst zum "Cadet Officer" ausgebilt an huet duerno seng militäresch Kenntnesser bei de Special Operations Forces verdéift.

De 14. Mee 1943 ass de Max Brahms an de belschen Ardenne mam Fallschierm ofgesat ginn, fir e puer prezis a geféierlech Missiounen z'erfëllen. Duerno huet hie sech iwwer Frankräich ewechgemaach wou hie vun engem liichte Fliger, engem Lysander, ofgeholl gouf, deen hien an England zeréckbruecht huet. Am Dezember 1943 ass de Max Brahms eng zweet Kéier iwwer dem besaten Europa parachutéiert ginn, an zwar déi Kéier an der Géigend vu Chartres, süd-westlech vu Paräis. Hien huet seng Aktivitéite géint den Okkupant bis zur Liberatioun virugeféiert.

1945 ass de Kapitän Brahms dunn an déi jonk Lëtzebuerger Arméi agetratt, wou hien haaptsächlech mat Personalfroe beschäftegt gouf. 1960 huet hien d'Arméi als Majouer verlooss.

Hien huet sech awer net mam Liewe vun engem pensionéierten Offizéier zefridde ginn, mä huet, op Ufro vum deemolegen Inneminister Pierre Grégoire, déi fréier "Défense passive" nei organiséiert. Duerch Arrêté ministériel vum 8. September 1960 gouf de Major honoraire Max Brahms zum Direkter vun der Protection civile ernannt[1].

Sou ass ënner senger Leedung no an no d'Protection civile entstanen, mat Ambulanzservicen am ganze Land, Grënnung vun der École nationale de la Protection civile zu Schëmpech (1963), Aweiung vun der Noutruffzentral 012 (1966), asw. Den 31. Mäerz 1970 huet de Max Brahms sech dunn definitiv aus dem aktive Beruffsliewen zeréckgezunn.

Kuerz viru sengem 75. Gebuertsdag ass hien de 26. Juni 1979, stënterlech an der Stad gestuerwen. Hie war mat der Lilian Jost bestuet an hat eng Duechter, d'Claudine.

De Max Brahms, deen am Krich enorm vill Courage un den Dag geluecht hat, war Titulaire vu ville Krichsdekoratiounen an aner Medailen.

Publikatioun änneren

  • Action - Station - Go! - Flashes aus dem Tagebuch eines Parachutisten 1940-1945; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus Dréckerei), 1971; 122 Säiten.

Literatur änneren

  • P.W., Major Max Brahms zum Gedenken - Ein Kämpfer für Freiheit und Menschenrechte ging so unauffällig von uns, wie er gelebt hat; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 29. Juni 1979.
  • jj (Jean Jaans), Gedenkblatt für Max Brahms; in: Luxemburger Wort, Ausgab vum 26. Juni 1989.
  • Conter, Claude D.: Brahms, Max. In: Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Online-Versioun. Stand: 19. September 2012. opgeruff de 17. Abrëll 2013. (fr)

Publikatiounen änneren

  • Brahms, M., & Spirit of resistance. (1971). Action Station Go! : Flashes aus dem Tagebuch eines Parachutisten : 1940-1945. Luxemburg: Sankt-Paulus-Dr.
  • Brahms, M. (1972). Eisenbahnsabotage vor 30 Jahren. Bravourstück eines Resistenzlers. Luxemburger Wort, Luxemburger Wort Jg. 125(1972), Nr. 146, p. 7, ill.

Gielercher (Auswiel) änneren

  • belsch Croix de Guerre 1940 avec palme,
  • amerikanesch Bronze Star Medal,
  • brittesch King's Medal for Courage in the Cause of Freedom,
  • lëtzebuergesch Croix de Guerre,
  • franséisch Croix de Guerre avec étoile d'argent, avec citation à l'ordre de la division

Referenzen änneren

  1. Mémorial A n° 56 du 29. September 1960