Centre hospitalier de Luxembourg
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Centre hospitalier de Luxembourg | |
---|---|
![]() Den Hôpital municipal (2020) | |
Basisdonnéeën | |
Address: | CHL Centre, KannerKlinik a Verwaltungssëtz: 4, rue Ernest Barblé L-1210 Lëtzebuerg |
Typ: | Ëffentlecht Etablissement[1] |
Ouverture: | 1976[2] |
Stationär Better: | 579 (2015)[3] |
Mataarbechter: | 2.348 (2019)[2] |
dovun Doktoren: | 300 (2015)[3] |
Websäit: | www.chl.lu |
De Centre hospitalier de Luxembourg, kuerz CHL, ass en Zesummeschloss vu véier Spideeler an der Stad Lëtzebuerg:
- dem CHL Centre (och nach Hôpital municipal),
- dem CHL Eich (och nach Eecher Klinick, Clinique d'Eich),
- dem CHL Maternité (oder Maternité Grande-Duchesse Charlotte) an
- dem CHL Kannerklinick[4] (oder Clinique pédiatrique).
Den CHL ass den zéngtgréissten Employeur[2] zu Lëtzebuerg mat engem Personal vun 2.348 (2019)[2] Leit, dorënner ëm déi 300 Dokteren an 1.000 Infirmieren an Aide-Soignanten[3].
2018 goufen eng 170.000 Patienten am CHL behandelt oder diagnostizéiert. 2018 louchen d'Käschten a Recettë vum CHL bei jee ronn 400 Milliounen Euro. 2007 war dat knapps d'Hallschecht. De Gros dovu sinn d'Personal-Käschten. Generaldirekter ass de Romain Nati[5].
Um Site vum CHL gëtt et zwielef national medezinesch Departementer:
- pediatresch Chirurgie
- Hemato-Onkologie
- Immuno-Allergologie
- Ustiechend Krankheeten
- intensiv Neonatologie
- Neurochirurgie
- spezialiséiert Pediatrie
- medezinesch assistéiert kënschtlech Befruchtung
- Kannerpsychiatrie
- pediatresch Intensivstatioun
- Stroke Unit Niveau 2
- pediatresch Urgence
Am CHL stinn och eng Rei national medezinesch Ekippementer, wéi de PET-Scan, d'extrakorporal Stousswellelithotripsie an de Laboratoire fir In vitro-Befruchtung.
Den CHL assuréiert eng permanent Garde fir d'Kannerklinick grad wéi fir all national Servicer.
Geschicht Änneren
Den CHL gouf mam Gesetz vum 10. Dezember 1975 gegrënnt[1]. En huet 1976 seng Dieren opgemaach, no der Zesummeféierung vum neigebauten Hôpital municipal mat der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Clinique pédiatrique. 2004 ass nach d'Clinique d'Eich derbäikomm[2].
Hôpital municipal Änneren
Nieft villen Zerwisser vun der Allgemengmedezin, der Chirurgie an der Psychiatrie gëtt et am Hôpital municipal och nach aner national Departementer wéi dee vun der Neurochirurgie, vun der Onkologie-Hematologie, den Infektiouns- an Tropekrankheeten an der Immuno-Allergologie[2].
Maternité Grande-Duchesse Charlotte Änneren
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Maternité Grande-Duchesse Charlotte.
D'Maternité Grande-Duchesse Charlotte gëtt et zënter 1936[2].
Kannerklinick Änneren
D'Clinique pédiatrique oder Kannerklinick funktionéiert zënter 1966[2].
Clinique d'Eich Änneren
D'Eecher Klinick ass den 1. Januar 2004 mam CHL fusionéiert[6].
E neit Gebai Änneren
Am November 2021 hunn Ofrappaarbechte vum fréiere Gebai vun der Maternité op der Areler Strooss, dat zanter 2015 eidel stoung, ugefaangen. Op der Plaz kënnt en neit Gebai vum Centre hospitalier. Et soll Enn 2028 operationell sinn (Stand: Mäerz 2023). Och d'Aktivitéite vun der Eecher Klinik ginn am neien CHL zentraliséiert.[7]
Referenzen Änneren
- ↑ 1,0 1,1 Loi du 10 décembre 1975 relative au Centre hospitalier de Luxembourg. legilux.public.lu (19.12.1975). Gekuckt de(n) 30.08.2020.
- ↑ 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 2,6 2,7 Rapport annuel 2018 um Site vum Spidol
- ↑ 3,0 3,1 3,2 Den CHL op LinkedIn
- ↑ eege Schreifweis vum CHL: KannerKlinik
- ↑ "2018 war fir den CHL e gutt Joer." 100komma7.lu, 17. Juli 2019 - 09:00.
- ↑ Legilux: Arrêté grand-ducal du 3 octobre 2003 portant intégration et rattachement des services hospitaliers de la Clinique d'Eich, Fondation Norbert Metz, au Centre Hospitalier de Luxembourg
- ↑ "Al Maternité gëtt ofgerappt: Neit CHL-Gebai bis 2028 operationell." rtl.lu, 04.10.2022.