De Martti Oiva Kalevi Ahtisaari, gebuer den 23. Juni 1937 zu Viipuri, Finnland, haut Wyborg, Russland, a gestuerwen de 16. Oktober 2023 zu Helsinki, war e finneschen, sozialdemokratesche Politiker an Diplomat. Hie war vun 1994 bis 2000 den 10. President vun der Republik Finnland a gouf 2008 fir seng jorelaang Beméiunge fir Léisungen an internationale Konfliker ze fanne mam Friddensnobelpräis ausgezeechent.

Martti Ahtisaari
Gebuertsnumm Martti Oiva Kalevi Ahtisaari
Gebuer 23. Juni 1937
Wyborg
Gestuerwen 16. Oktober 2023
Helsinki
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Enseignant

Liewen a Karriär änneren

Den Ahtisaari huet Pedagogik studéiert a gouf duerno Schoulmeeschter. 1959 goung hien an de Pakistan Schoul halen. Duerno huet hien op der Héichschoul fir Handel zu Helsinki studéiert, an ass 1958 an den diplomateschen Déngscht agetrueden. Vun 1973 bis 1979 war hien Ambassadeur an Tansania, Sambia, Mosambik a Somalia. Op Propositioun vun der SWAPO war hien 1977 bis 1981 vun der UNO de Chargé spécial fir Namibia.

1987 gouf e vum UN-Generalsekretär Javier Pérez de Cuéllar fir véier Joer zum Ënner-Generalsekretär vun der UNO ernannt, reponsabel fir d'Administratioun vun de Vereenten Natiounen.

Nodeem et den 1. Abrëll 1989 zu engem Waffestëllstand tëscht Südafrika an der SWAPO komm war, gouf den Ahtisaari als Chef vun der United Nations Transition Assistance Group (UNTAG) als Namibia-Beoptragte vun der UNO ernannt, déi den Onofhängegkeetsprozess vun Namibia iwwerwaacht huet.

1994 gouf hien als Kandidat vun der Sozialdemokratescher Partei vu Finnland zum Nofollger vum Mauno Koivisto an zéngte President vun der Republik Finnland gewielt.

1999 hiet hien zesumme mam russesche Chefnégociateur, dem Viktor Tschernomyrdin, d'Friddensgespréicher wärend dem Kosovo-Krich mam Slobodan Milošević gefouert. 2000 huet hien net méi fir eng zweet Amtszäit als Staatspresident kandidéiert, soudatt d'Tarja Halonen seng Nofollgerin gouf.

Duerno huet den Ahtisaari sech fir en Enn am Biergerkrich an der indoneesescher Provënz Aceh engagéiert.[1] Vu Februar 2006 huet hien d'Verhandlunge geleet iwwer de Status vum Kosovo, dunn eng serbesch Provënz, déi ënner der Verwaltung vun der United Nations Interim Administration Mission in Kosovo stoung. Am Oktober 2007 war den Ahtisaari ee vun de Matgrënner vum Think Tank European Council on Foreign Relations (ECFR).

2008 krut hien de Friddensnobelpräis fir seng Beméiungen an de Friddensverhandlunge bei verschiddene Konflikter.

Hie war mat der Eeva Ahtisaari (* 1936) bestuet; si hunn ee Jong.

Um Spaweck änneren

Commons: Martti Ahtisaari – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.c-r.org/accord-article/delivering-peace-aceh-interview-president-martti-ahtisaari