Marly Marques

lëtzebuergesch Jazzsängerin


D'Marly Marques ass eng lëtzebuergesch Jazzsängerin déi als professionell Artistin a verschiddene Museksgruppe schafft. Si gouf zu Lëtzebuerg an enger portugisescher Famill gebuer an huet hir Leidenschaft fir de Gesank an engem ganz jonken Alter entdeckt.

Marly Marques
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Si huet e puer Joer laang an der Wolzer Museksschoul Piano a Lyrik geléiert. Nodeem si Blues gemaach hat, huet si definitiv hire Stil fonnt.

Iwwer de Projet Music:LX, koum et zu Verbindunge mat den Zeenen aus anere Länner. Mam „Marly Marques Quintet“, dee si gegrënnt huet, spillt si hautdesdaags a Frankräich, am Libanon, um Cap Vert oder a Portugal. Zu Lëtzebuerg spillt si op verschiddene Plazen a war och um Lëtzebuerger Jazz Meeting & Friends derbäi. D'Marly Marques huet och ugefaange Fado ze sangen.

Discographie änneren

  • 2014: Só Ar Ser
  • 2016: Encounter

Um Spaweck änneren