D'Marleen Radder-Willems, gebuer den 22. Februar 1951, ass eng hollännesch Athleetin a Spezialistin am athleetesche Goen, woubäi si haaptsächlech bei groussen Distanze matmécht. Si war 1997, 2001 an 2002 Gewënnerin bei den Damme vum Paris-Colmar iwwer eng Distanz vu ronn 350 km.

Si ass Rekordfra an Holland op den 20.000 Meter am Goen op der Bunn an op der Strooss. Dobäi hält se och nach d'Rekorden op den 3.000 m, 5.000 m an 10.000 m.

D'Marleen Radder ass bei der Rotterdamse Wandelsport Vereniging lizenséiert.

Perséinlech Beschtleeschtungen änneren

Op der Bunn änneren

Distanz Zäit Datum Plaz
3.000 m 16.42,24 24. Juni 2000 Ninove
5.000 m 28.27,1 1. Juli 2000 Best
10.000 m 58.19,5 5. Abrëll 1998 Tilburg
20.000 m 2:04.11,0 (NR) 7. Abrëll 2002 Tilburg

Op der Strooss änneren

Distanz Zäit Datum Plaz
10.000 m 58.36 8. Januar 2006 Rotterdam
20.000 m 2:04.30 (NR) 31. Mee 1997 Den Haag

Indoor änneren

Distanz Zäit Datum Plaz
3.000 m 17.07,8 27. Februar 2005 Zaandam
5.000 m 30.04,4 20. November 2004 Zaandam