Mare Acidalium (Gradsecteur)

(Virugeleet vu(n) Mare Acidalium (Gradsektor))

De 'Gradsecteur Mare-Acidalium gehéiert zu den 30 Gradsecteure vum Mars. Si goufe vum USGS festgeluecht. D'Nummer ass MC-4, de Gradsecteur ëmaasst e Gebitt vun 0° bis 60° westlecher Längt a vun 30° bis 65° südlecher Breet.[1]

Kaart vum Mare Acidalium Gradsecteur / Mars Orbiter Laser Altimeter (MOLA) Daten..
(héich ass rout an niddreg ass blo).
Koordinaten: 47,5°N, 30°W
Bild vum Mare Acidalium Gradsecteur (MC-4). De grousse Krater Lomonosov (uewe riets) an de Kunowsky (uewe riets) si liicht ze gesinn. Dat berüümt "Gesiicht" um Mars läit am Cydonia Mensae Gebitt (ënne riets).

Numm änneren

Den Numm staamt vun enger Bezeechnung vun enger Albedoformatioun am Beräich vu 45° N an 330° E um Mars. D'Géigend gouf no enger Quell oder engem Buer a Boetien, am antike Griicheland wou an der griichescher Mythologie no d'Venus mat hire Veréierinne gebuet hat, genannt a gouf 1958 vun der I.A.U. verginn.

Geologie änneren

De Gradsecteur huet vill geologesch Formatioune wéi Erosiounsrillen a méiglech Küstelinne vun engem fréieren nërdlechen Ozean. Verschidde Beräicher si staark geschicht. E mécht och d'Grenz tëscht de südlechen Héichplateauen an den nërdlechen Déifflächen.[2] Och dat bekannt "Marsgesiicht" (Cydonia Mensae) läit an dësem Gradsecteur.[3] Weider fënnt een do d'Kasei Valles, e System vu Canyons. Wärend den ierdesche Grand Canyon 28 km grouss ass, ass deen hei um Mars 482 km grouss.[4]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Mare Acidalium – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. Davies, M.E.; Batson, R.M.; Wu, S.S.C. „Geodesy and Cartography“ in Kieffer, H.H.; Jakosky, B.M.; Snyder, C.W.; Matthews, M.S., Eds. Mars. University of Arizona Press: Tucson, 1992.
  2. | Complex Crater in Arabia Terra
  3. Global Surveyor MOC2-283 Release
  4. | (Almost) Silent Rolling Stones in Kasei Valles