Marderhond
Dësen Artikel iwwer Hënn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Marderhond (Nyctereutes procyonoides), och heiansdo als Tanuki ernimmt, ass déi eenzeg lieweg[1] Raubdéierenaart aus der Gattung Nyctereutes (Marderhënn) bannent der Famill vun den Hënn (Canidae). Dat originellt Verbreedungsgebitt vum Marderhond läit a China, Japan, Russland, Nordkorea, Südkorea, an der Mongolei an am Vietnam. Se liewe gewéinlech a Biergbëscher.
Marderhond | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
E Marderhond | |||||||||||||||
Aner Sproochen: | fr: chien viverrin de: Marderhund, Tanuki | ||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Nyctereutes procyonoides (Gray, 1834) |
Tëscht 1929 an 1955 goufe knapps 9.000 Marderhënn fir Juegdzwecker am europäeschen Deel vu Russland an an der Ukrain ausgesat. Vun do aus hu se sech séier a Richtung Weste verbreet.[2]. D'Aart ass an der EU als invasiv klassifizéiert[3]. Den 3. Februar 2021 gouf en eng éischt Kéier zu Lëtzebuerg, am Raum Beetebuerg, nogewisenn.[4]
Vum Kapp bis un den Hënner gi se 66–80 cm laang a se hunn e Schwanz dee 15–25 cm laang ass. D'Gewiicht ass tëscht 4–6 kg (am Summer) oder tëscht 6–10 kg (am Wanter). An der Wanterzäit halen d'Marderhënn aus dem Nordareal eng kuerz Wanterrou[5].
Et gëtt fënnef Ënneraarte vum Nyctereutes procyonoides[6].
De Marderhond gëtt a Japan "Tanuki" (狸 / タヌキ) oder "Bake Danuki" (化け狸 / ばけだぬき) genannt. Den Tanuki ass e bekannte Personnage vun der japanescher Mythologie. Et ass eng Kreatur mat positiver Konnotatioun, déi gewéinlech als Hengeyōkai (Metamorph) representéiert gëtt[7],[8].
Um Spaweck
ännerenCommons: Marderhënn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2020-06-06. Gekuckt de(n) 2017-08-07.
- ↑ http://www.iucnredlist.org/details/14925/0
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2017-06-25. Gekuckt de(n) 2017-08-07.
- ↑ "Marderhond fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg nogewise ginn." rtl.lu, 08.02.2021.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2013-04-07. Gekuckt de(n) 2017-07-30.
- ↑ Guillaume de Lavigne. Free Ranging Dogs - Stray, Feral or Wild? – Lulu Press, 2015 – ISBN 978-1-326-21952-9
- ↑ http://www.lemonde.fr/cinema/article/2006/01/17/le-tanuki-canide-support-de-legendes-populaires_731601_3476.html
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 2011-02-24. Gekuckt de(n) 2011-02-24.