De Marcel Bourguignon, gebuer de 6. Juni 1902 zu Siesselech bei Arel an der Provënz Lëtzebuerg, a gestuerwen de 26. November 1971 zu Bréissel, war e belschen Historiker, Archivist a Conservateur. Hien huet sech mat grousser Begeeschterung a vill Kënne fir d'Erfuerschung vun der Geschicht vu Lëtzebuerg agesat.

Marcel Bourguignon
Gebuer 6. Juni 1902
Gestuerwen 26. November 1971
Bréissel
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Historiker

Säi Liewen änneren

No engem exzellente Studiun um Areler Athenée royal, huet hien als Schüler vum Henri Pirenne en Ofschloss als Dokter an der Geschicht op der Universitéit vu Gent gemaach.

Vun 1927 un war de Marcel Bourguignon aktiv bei den Archives générales du Royaume zu Bréissel. Vun deem Moment un huet hie seng ganz Energie an d'Erfuerschung vun der Lëtzebuerger Vergaangenheet investéiert.

Um Enn vun 1931 gouf hie Conservateur vun den Archives de l'Etat zu Arel (definitiv ernannt sollt hien eréischt am Joer 1945 ginn; hie blouf op där Plaz bis 1967).

Vun 1935 u war de Marcel Bourguignon och mat den Häre Pierre Nothomb, Théophile Hénusse, Jean Hollenfeltz an Alfred Bertrang un der Grënnung vun der Académie luxembourgeoise bedeelegt. Hie gouf dovun déi dreiwend Kraaft an de Sekretär bis zu sengem Doud.

Am Zweete Weltkrich war de Marcel Bourguignon Offizéier beim 1. Regiment vun de Chasseurs Ardennais a war un der Campagne des 18 jours bedeelegt. Hien ass a Gefaangenschaft geroden, an huet sech an där Zäit positiv fir d'Moral vu senge Matgefaangenen ausgezeechent duerch d'Organiséiere vun Konferenzen, Geschichtscoursen, Foussballsspiller asw. Seng Begeeschterung fir de Sport, besonnesch de Foussball an de Vëlossport, blouf him bis zum Schluss erhalen.

Säi Wierk änneren

Dem Marcel Bourguignon säin Doktorat war iwwer déi al Metallindustrie am Dall vun der Rulles. Seng Fuerschungen hunn awer och vill aner Theemen abegraff.

Als Conservateur vun den Archives de l'Etat zu Arel huet hien d'Lëtzebuerger Archive methodologesch geuerdent an e prezisen Inventaire opgestallt. Hie huet och eng wëssenschaftlech Bibliothéik opgebaut. Niewelaanscht huet hien och nach eng Serie vun Aarbechte publizéiert, déi aus him e modernen Historiker vu Lëtzebuerg gemaach hunn, dee mat deem vun him héich geschätzte Jules Vannérus z'ernimmen ass. Hien huet sech besonnesch gutt mat senger Heemechtsstad Arel auskannt, souwéi och mat Durbuy, Vielsalm, Neufchâteau a Baaschtnech oder och nach Bouillon a Virton.

Um Spaweck änneren

Quellen änneren