Maka Mc

Rapper
(Virugeleet vu(n) Maka MC)

De Maka Mc, mat richtegem Numm Helder Ferreira[1], gebuer den 29. November 1991 zu Nidderkuer, ass e portugisesche Rapper, dee Musek mat lëtzebuergeschen Texter mécht.

Maka Mc
Gebuertsnumm Helder Ferreira
Gebuer 29. November 1991
Lëtzebuerg
Aktivitéit Rapper

Karriär änneren

De Maka Mc ass zwar zu Lëtzebuerg gebuer, mä no senger Gebuert si seng Elteren nees mat him a Portugal gaange wou hien och d'Primärschoul ugefaangen huet.[2] Am Alter vun néng Joer ass hien nees op Lëtzebuerg zeréckkomm[3] ouni Lëtzebuergesch ze schwätzen.[2] Säi Pseudonym ass en Akronym fir "Maachen alles krass anescht".[4] Hien huet scho mat 12 ugefaangen op Lëtzebuergesch ze rapen.[5]

Mam Rapper C.M.P huet hien ëm 2011 Musek ënnert dem Numm Beatbombs gemaach. Si hunn ënner anerem Videoe fir d'Titelen Summerlidd, I'm Ill a Glas as ze voll op Youtube gesat.

2012 huet hien e Mixtape mam selwechten Titel opgeholl, an duerno ugefaange mam Rapper David Fluit vun De Läb zesummenzeschaffen. 2013 ass hien um Eat Your Feet Festival zu Diddeleng an um Food for Your Senses opgetrueden.

D'Releaseparty vum Maka Mc senger éischter EP Maachen kengem Onrecht [sic], deen um Musekslabel De Läbbel erauskomm ass, war de 6. Dezember 2013 am Exit07.

2016 ass du säin éischten Album Dialog verëffentlecht ginn, dee vum Ken Nnganyadi a Rico Querin opgeholl a gemëscht gouf. Ënner de Beatmécher waren de Corbi, den David Fluit an den MKO vun De Läb, de Crux Cutz an den DJ Headmasta.[6] Den Alphonse Hatz huet e Video fir d'Single Ëch gedréint.[7]

Dem Maka MC säin zweeten Album Chantier ass de 5. Oktober 2018 an der Rockhal virgestallt ginn. Den Titel kënnt dohier datt d'Liewen e Schantje wier an ass gläichzäiteg en Hommage un all déi Leit, déi op de Schantecher schaffen. En ass och eng ironesch Referenz op dem Maka MC seng portugisesch Originnen an de Fait datt et zu Lëtzebuerg vill Schantecher gëtt[2][3][8]. Um Titeltrack rappt hien och op Portugisesch. Den Eric Slunecko huet den Album opgeholl, gemëscht a gemastert. Den David Galassi war exekutive Produzent a Gaaschtmuseker waren ënner anerem den Drummer Benoît Martiny an de Bassist René Macri.[9] Den éischten Extrait war d'Lidd Balkonien mam David Fluit.[10] Am Februar 2019 ass d'Single Wat ass lass? mam Jacky Under erauskomm.[11]

2021 huet de Maka MC mam franséischsproochege Rapper CDS13 um Track Entweder oder zesummegeschafft. Am selwechte Jore war hien och op de Lidder Am Réckbléck an Nougat & Zalot um Album Bic Up vum V.I.C ze héieren.

Discographie änneren

  • 2012: Maachen alles krass aanescht (Mixtape)
  • 2013: Maachen kengem Onrecht (EP)
  • 2016: Dialog (Album)
  • 2018: Chantier (Album)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Maka Mc op SoundCloud
  2. 2,0 2,1 2,2 Interview mam Maka MC an der Sendung Spektrum um Radio 100,7 (4. Oktober 2018)
  3. 3,0 3,1 Tageblatt: Achtung! Neue Dauerbaustelle im Herbst (5. Oktober 2018)
  4. Videointerview op YouTube: Maka Mc - Interview zum neien Album an Optrëtt um Hamilius (6. Februar 2013)
  5. Woxx: Hip Hop: Alles krass aanescht (21. Abrëll 2016)
  6. rockhal.lu: Maka Mc Album Release - vendredi, 22 avril 2016
  7. Youtube: Video fir Ëch
  8. Interview mam Maka MC an der Sendung Bistro um Radio Ara (3. Oktober 2018)
  9. Den Album Chantier op Bandcamp
  10. Youtube: Video fir Balkonien
  11. Youtube: Video fir Wat ass lass?