Apple Macintosh
Den Apple Macintosh (ˈmækɪntɒʃ), haut einfach Mac (mæk) genannt, ass en Desktopcomputer vun Apple. Den éischte Mac, deen 1984 agefouert gouf, war den éischte kommerziell erfollegräichen Desktopcomputer, deen eng graphesch Benotzersurface (GUI) an eng Maus amplaz vun enger Befeelszeilen-Uewerfläch (CLI) hat.
De Betribssystem vu Mac ass de Mac OS (bis 2001 de klassesche Mac OS, zënterhir de Mac OS X, deen zënter 2016 macOS geschriwwe gëtt).
Numm
ännerenDe Macintosh ass nom Apel McIntosh benannt. De McIntosh war de Liblingsapel vum Jef Raskin, engem Member aus dem Designteam vu Macintosh. En alternativen Numm wärend der Entwécklungszäit war Bicycle ("Vëlo"): Den Apple-Matgrënner Steve Jobs huet de Computer als Bicycle for your mind gesinn, mä wéinst dem Widderstand vum d'Entwécklerteam huet sech d'Bezeechnung Macintosh schlussendlech duerchgesat.
Fir den Numm Macintosh hat Apple am Joer 1983 en 10-järegt Lizenzofkommes mam amerikaneschen HiFi-Hiersteller McIntosh Laboratory ofgeschloss.
Aktuell Produiten
ännerenBild | Numm | Typ | Zilgrupp | Beschreiwung |
---|---|---|---|---|
Mac mini | Desktopcomputer | Privatbenotzer a professionell User | De Mac mini ass de bëllegste Mac dee bis ewell gebaut gouf, gläichzäiteg ass et den eenzege Computer vun Apple bei deem weeder en Ecran, nach eng Tastatur oder Maus matgeliwwert gëtt. | |
iMac | Desktopcomputer | Privatbenotzer a professionell User | Den iMac ass dee bekanntste Computer vun Apple, a gläichzäiteg deen, deen am meeschte verkaf gouf. Als "All-in-One Design" kombinéiert en Ecran a Computer an engem Gehais. | |
Mac Pro | Workstation | Professionell User | De Mac Pro ass deen deiersten a gläichzäiteg séierste Workstation-Computer vun Apple. | |
MacBook Pro | Laptop | Privatbenotzer a professionell User | De MacBook Pro ass e Laptop, deen 2006 fir d'éischt Kéier erauskomm ass. | |
MacBook Air | Laptop | Privatbenotzer | De MacBook Air war bei senger Virstellung, am Januar 2008, den dënnste Laptop um Marché. |
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Macintosh – Biller, Videoen oder Audiodateien |