En Desktopcomputer ass e Personal Computer (PC), dee fir de reegelméissege Gebrauch op enger selwechter Plaz entwéckelt gouf. Wéinst senger Gréisst a senge Leeschtungufuerderungen ass en net mobil. E steet meeschtens op oder ënnert engem Schreifdësch.

En Dësch mat engem Desktopcomputer (lénks), engem Computerbildschierm, enger Tastatur an enger Maus

Déi geleefegst Konfiguratioun huet eng Computerboîte mat der Stroumalimentatioun, der Haaptplatinn, an dem Festplattelafwierk; an ass un eng Computermaus an eng Tastatur fir den Input ugeschloss, an un ee Computerbildschierm an zum Beispill un Haut-parleuren, e Printer oder e Scanner fir den Output.

Um Spaweck änneren

Commons: Desktopcomputer – Biller, Videoen oder Audiodateien