Classic Mac OS

Betribssystemer fir d'Macintoshcomputere
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Classic Mac OS ass den Numm vun eng Serie Betribssystemer fir d'Macintoshcomputere vun der Firma Apple. Si goufen tëscht 1984 an 2001 entwéckelt, an haten ufanks nëmmen en onspezifeschen Numm ("System"), a goufe spéider "Macintosh System Software" genannt. Vun der Versioun 7.6 un, goufe se du "Mac OS" genannt. Den Numm Classic Mac OS koum eréischt herno, fir de Betribssystem besser vum Nofollgermodell kënnen ze ënnerscheeden.

Haut ass Mac OS e globale Markennumm fir de Betribssystem op engem Macintoshcomputer.

Deen éischte klassesche Mac OS war de System 1 (1984) an dee leschten de Mac OS 9 (1999).

No enger Entwécklungsphase vu véier Joer huet Apple 2001 de Mac OS mat engem nei Betribssystem ersat, deen Ufanks Mac OS X geheescht huet; den haitegen macOS.


Commons: Classic Mac OS – Biller, Videoen oder Audiodateien