Mürren ass en traditionellt Walser-Biergduerf am Berner Oberland. Et läit op enger Héicht vu ronn 1.650 m iwwer dem Mier an et fueren keng Autoen do. Et huet een eng schéin Aussiicht op den Eiger, de Mönch an d'Jungfrau. Am Summer kann en zu Mürren spadséiere goen. Mürren huet 400 Awunner an 2000 Better fir Friemer. Op Mürren kënnt ee mat enger Biergbunn vu Lauterbrunnen aus. Mürren gehéiert mat Wengen, Isenfluh, Gimmelwald a Stechelberg zur Gemeng Lauterbrunnen.

Mürren
center}}}
Land CHECHE Schwäiz
Kanton Bern (BE)
Arrondissement Interlaken-Oberhasli
Gemeng Lauterbrunnen
Postcode 3822
Koordinaten 46° 33’ 34’’ N
      07° 53’ 33’’ O
Fläch  1 050 ha
Héicht  1638 M.i.M
Bevëlkerung  418
Mürren vu Süden aus gesinn

Mürren vu Süden aus gesinn
Mürren vu Süden aus gesinn

Bekannt ass och d'Schilthorn mat sengem Restaurant Piz Gloria, wou den James Bond-Film On Her Majesty's Secret Service(1969) gedréit gouf. Eng Seelbunn féiert vu Mürren aus op d'Schilthorn iwwer d'Zwëschenstatioun Birg.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Mürren – Biller, Videoen oder Audiodateien