Wengen BE
Dësen Artikel befaasst sech mat Wengen BE am Berner Oberland an der Schwäiz. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. Wengen.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Wengneralpbunn
am Hannergrond d'Eiger Nordwand | |||||
Land | Schwäiz | ||||
Kanton | Bern (BE) | ||||
Arrondissement | Interlaken-Oberhasli | ||||
Gemeng | Lauterbrunnen | ||||
Koordinaten | 46° 36’ 22’’ N 07° 55’ 21’’ O | ||||
Héicht | 1 274 M.i.M |
Wengen BE ass eng Uertschaft an der Gemeng Lauterbrunnen am Kanton Bern an der Schwäiz. Wengen läit um Fouss vun der Jungfrau an ass bekannt fir seng Wantersport- a Wanderméiglechkeeten. D'Uertschaft huet 1.400 usässeg Awunner (awer mat den Touristen 10.000 an der Wanter- a 5.000 an der Summersaison). Wengen läit um Fouss vun den héchste Bierger vum Berner Oberland: Eiger, Mönch a Jungfrau. Zu Wengen gëtt och dat bekannt Lauberhorn-Schirennen ausgedroen.
Kuckeswäertes
änneren- Eisbunn
- Spazéiergang op de Staubbachbänkli
- Mat der Gondelbunn op de Männlechen
- Mat der Biergbunn op d'Wengernalp an d'Kleine Scheidegg
Um Spaweck
änneren- Fotoe vum Eiger
- Schwäizer Schigebidder
- Offiziell Säit vu Wengen a Muerren
- Offiziell Säit vu Grindelwald
- Offiziell Säit vun der Wengernalpbahn
- Offiziell Säit vun der Jungfraubahn
- Offiziell Säit vum Lauberhornrennen
-
Eiger, Mönch a Jungfrau, vir am Bild d'Lauberhorn, vum Männlichen aus gesinn
-
Wengen a seng Äispist