Mëttelsteenzäitlech Griewer bei Reiland

Griewer aus der Mëttelsteenzäit bei Reiland am Mëllerdall

Déi zwee mëttelsteenzäitlech Griewer bei Reiland si déi bis haut eelst bekannt prehistoresch Griewer zu Lëtzebuerg. Se goufen ënner engem Fielsdaach ((fr) abri sous roche) am Mëllerdall, do wou d'Baach Lëschbur an d'Schwaarz Iernz leeft, entdeckt.

Mëttelsteenzäitlech Griewer bei Reiland
Typ archeologesch Plaz, Graf
Land Lëtzebuerg
Gemeng Hiefenech
Adress Loschbur
Koordinaten 49°45'45,79"N, 6°16'44,00"O
Statut Ausgruewung
Offiziell Visitt vun enger Delegatioun op der Plaz vun der Decouverte (18.01.1936)

Nodeems den Nicolas Thill vun Hiefenech Ausgruewungen an der Géigend vun Éiter gemaach hat, huet hien tëscht 1935 an 1939 Recherchen am Sandsteen um lénksen Uwänner vun der Schwaarzer Iernz gemaach. Wéi hien zesumme mam Epicier Charel Weber (1886-1946) um Fouss vun engem Hang aus Sandstee laanscht dem Lëschbur gegruewen huet, hunn déi zwéin de 7. Oktober 1935 e mënschleche Skelett entdeckt, an e puer Meter dovun ewech, déi verbrannt stierflech Iwwerreschter vun enger zweeter Persoun.

No dëser Entdeckung goufe mat der Hëllef vum Marcel Heuertz, dem deemolegen Direkter vum Naturmusée, anthropologesch Ermëttlungen an d’Weeër geleet. Den 18. Januar 1836 huet eng Delegatioun vun in- an auslännesche Spezialisten d'Plaz vun der Decouverte besicht.

Wéinst dem Lëschbur nieft deem se fonnt goufen, ginn déi déi stierflech Iwwerreschter ë. a. vum Musée mat „Loschbur I“ an „Loschbur II“ (och alt als Loeschbour oder Loschbour geschriwwen) bezeechent.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Loschbur-Mann an am Artikel Loschbur-Fra

Literatur

änneren

Matthias Paulke, Jean Krier, und Raymond Waringo. Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxembourg: Centre national de recherches archéologiques, 2019. Print. ISBN 978-2-87985-535-6, S. 72-73

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Mëttelsteenzäitlech Griewer bei Reiland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren