Luxuriant war eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft, déi 2008 vum Sébastien Vécrin, Pascal Monfort an Arnaud Decker gegrënnt gouf.[1] Si war op jonk Leit ausgeriicht; d'Haapttheme ware Lifestyle a Kultur zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. E Schwéierpunkt louch och bei Interviewe mat Museker a Museksgruppen, déi grad am Land passéiert sinn.

De 7. Februar 2018 gouff si Faillite deklaréiert.[2]

Luxuriant koum all zwéi Méint eraus, d'Oplag louch bei 20.000 Exemplairen, déi gratis u Baren a Restaurante verdeelt goufen. D'Redaktioun war an der Hollerecher Strooss an der Stad.

D'Zäitschrëft hat 2011 véier fest Employéen, och Freelanceauteuren hunn Artikele geschriwwen.

Si war haaptsächlech op Franséisch, mä hat och Artikelen op Lëtzebuergesch, Englesch a Portugisesch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D'Lëtzebuerger Land: L'autre presse gratuite (28. Abrëll 2011; gekuckt de 6. Juni 2012)
  2. https://web.archive.org/web/20180212172238/http://paperjam.lu/news/le-magazine-gratuit-luxuriant-en-faillite. Paperjam vum 12.Februar 2018