Lux-Development S.A., besser bekannt als LuxDev, ass d'Agence déi d'Entwécklungszesummenaarbecht vun der Lëtzebuerger Regierung ëmsetzt.

Lux-Development S.A.
Typ Société anonyme
Grënnungsdatum 1978
Sëtz Lëtzebuerg, Stad Lëtzebuerg
Mataarbechter 479
Produit Entwécklungszesummenaarbecht
Homepage [1]
Schëld um Chantier vun enger Schoul déi Luxembourg Cooperation am Kosovo baut (2012)
Bureau zu Praia, Cap Vert.

Si gouf 1978 als Agence zur Ënnerstëtzung vu klengen a mëttelgrousse lëtzebuergesche Betriber gegrënnt an ass eréischt zanter 1992 op Entwécklungszesummenaarbecht ausgeriicht. Haut ass et eng Aktiegesellschaft (S.A.) där hir Aktionären de Lëtzebuerger Staat (98 %) an d'Société nationale de crédit et d'investissement (2 %), déi och dem Staat gehéiert, sinn.

LuxDev huet hire Sëtz beim Rousegäertchen an der Stad Lëtzebuerg, mä ënnerhält och regional Büroen zu Priština (Kosovo), Dakar (Senegal), Praia (Kap Verde), Ouagadougou (Burkina Faso) Niamey (Niger), Bamako (Mali), Kigali (Ruanda), Cotonou (Benin), Vientiane (Laos), a San Jose (Costa Rica).

Missioun änneren

LuxDev geréiert bal all d'Ressourcen, déi d'Regierung der bilateraler Entwécklungszesummenaarbecht zouweist. D'Agence kann awer och Programmer exekutéieren, déi vun anere bilateralen Donneuren oder der Europäescher Kommissioun finanzéiert ginn.

Aarbechtsberäich änneren

D'Agence këmmert sech ëm Projeten a 10 Haaptsekteuren: Landwirtschaft, Bëschaarbecht a Fëscherei, Digitaliséierung an ICT, Educatioun, Beruffsausbildung a Beschäftegung, Ëmwelt a Klimawandel, Liewensmëttelsécherheet, Gouvernance, Gesondheet, inklusiv an innovativ Finanzen, sozio-ekonomesch Entwécklung a Waasser a Sanitär.

D'Programmer konzentréiere sech op déi privilegiéiert Partnerlänner vun der Lëtzebuergescher Kooperatioun: Burkina Faso, Kap Verde, Laos, Mali, Niger a Senegal. Zousätzlech dozou ginn d'Mongolei, El Salvador, Myanmar, Ruanda, Benin, de Vietnam an de Kosovo ënnerstëtzt.

Zuelen änneren

2022 huet LuxDev 90 Projete geréiert an eng Gesamtzomm vun 133.980.096 Euro ausginn.

Referenzen änneren