Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ënner Entwécklungshëllef, oder Entwécklungszesummenaarbecht versteet een dat gemeinsaamt Beméie vun den Industrielänner fir an Entwécklungslännner d'Differenzen an der sozioökonomescher Entwécklung an an den allgemenge Liewensbedingunge weltwäit dauerhaft a wierksam ofzebauen.

Spender vun Entwécklungshëllef änneren

Um weltwäiten Niveau, wéi (Auswiel): änneren

Um Niveau vun de kontinentalen Entwécklungsbanken, wéi: änneren

Um spezifeschen Niveau vun der Europäescher Unioun änneren

D'Europäesch Zesummenaarbecht um Gebitt vun der Entwécklung huet mat de Yaoundé-Ofkommessen, déi tëscht der deemoleger Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft an hire fréiere Kolonien ofgeschloss gi waren, ugefaangen. Si hunn den Opbau vun enger fräier Handelszon virgesinn a goufe spéider duerch d'Lomé-Ofkommes an duerno duerch d'Cotonou-Ofkommes ofgeléist, dat fir méi eng laang Dauer - zwanzeg Joer mat enger Iwwerpréiwung vun de Vertragsklauselen all fënnef Joer.
1992 gouf dat Europäescht Amt fir humanitär Hëllef (ECHO) geschaf, fir méi séier an op eng méi flexibel Manéier humanitär Hëllef bei Katastrophen- an Noutfäll ze leeeschten. ECHO schafft mat méi wéi 200 Partner zesummen, déi e Partnerschaftsvertrag mat der EU-Kommissioun ënnerschriwwen hunn.

Zanter 2001 ass d'Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht (EuropeAid) déi zentral Plaz fir déi praktesch Realisatioun vun der europäescher Entwécklungspolitik. EuropeAid verwalt d'Programmer an d'Projeten an allen Entwécklungslännner. D'Presidentschaft vun EuropeAid huet den EU-Kommissär fir Aussebezéiungen, an d'Duerchféierung de Kommissär fir d'Entwécklung:

2007 hat d'Hëllef, déi vun EuropeAid verdeelt gouf, e Volume vu 6,7 Milliarden Euro. Dat waren 11,3 % vun all Entwécklungshëllef op der Welt.

Op europäeschem Plang muss een nach déi Hëllef derbäizielen, déi déi eenzel EU-Memberlänner ginn. Sou kënnt een op 60 % vun der weltwäiter Entwécklungshëllef am Ganzen. Zum Verglach: Den USA hiren Undeel ass 21 %.

Um Niveau vun den eenzele Länner änneren

Um Niveau vun den NROen änneren

Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef änneren

Déi lëtzebuergesch Entwécklungshëllef, verglach mam lëtzebuergesche Brutosozalprodukt, huet 2009 en international staark beuechte Spëtzenniveau vun iwwer engem Prozent erreecht, wéi aus dem follgenden Tableau ervirgeet. Domat ass Lëtzebuerg mat Holland an de skandinavesche Länner Dänemark, Norwegen a Schweden eent vu just fënnef Länner weltwäit déi méi wéi 0,7 % vum hirem BSP fir Entwécklungshëllef ausginn. Just Norwegen gëtt nach méi fir Entwécklungshëllef, a Verglach zu sengem BSP, aus.[1]:

Evolutioun vun der lëtz. Entwécklungshëllef, verglach mam BSP, a % (2000-07)[2]
Joer Entwécklungshëllef an € BSP an € Verhältnes a %
2000 133.433.659 19.170.400.000 0,70
2001 155.128.137 20.050.300.000 0,77
2002 155.735.183 19.897.900.000 0,78
2003 171.677.042 20.028.000.000 0,86
2004 188.981.534 23.987.300.000 0,79
2005 207.387.692 26.006.900.000 0,80
2006 231.510.318 25.799.600.000 0,90
2007 275.135.892 30.158.300.000 0,91
2008 287.679.785 29.753.900.000 0,97
2009 297.817.177 26.793.200.000 1,11
2010 297.817.177 27.730.962.000 1,09

Déi prioritär Länner vun der lëtzebuergescher Entwécklungshëllef änneren

Lëtzebuergesch NROen, déi steierfräi Done kënne kréien (Stand September 2010)[3] änneren

  • Action lutte contre la pauvreté a.s.b.l.
  • Action pour un monde uni a.s.b.l.
  • Action solidarité tiers monde
  • Adouna a.s.b.l.
  • Aide à l'enfance de l'Inde a.s.b.l.
  • Aide au développement de la santé a.s.b.l.
  • Aide au Vietnam a.s.b.l.
  • Aktioun Abc fir Bildung a Gesondheet mm Tiers Monde a.s.b.l.
  • Amicale internationale D'aide à L'enfance a.s.b.l.
  • Appui au développement autonome a.s.b.l.
  • Arbechtsgrupp Drett Welt Butteker a.s.b.l.
  • Association de soutien aux travailleurs immigrés (Asti)
  • Association Europe - tiers monde a.s.b.l.
  • Association pour la promotion des îles de paix a.s.b.l.
  • Association solidarité Luxembourg - Nicaragua a.s.b.l.
  • Athenee - action humanitaire a.s.b.l.
  • Betebuerg Hëlleft a.s.b.l.
  • Chrëschte mam Sahel a.s.b.l.
  • Christian Solidarity International a.s.b.l.
  • Comité luxembourgeois pour l'UNICEF a.s.b.l.
  • Comite pour une paix juste au proche orient a.s.b.l.
  • Cooperation humanitaire Luxembourg a.s.b.l.
  • Croix-Rouge luxembourgeoise
  • Defi a.s.b.l.
  • Eclaireurs et Eclaireuses pour le développement communautaire (Enel) a.s.b.l.
  • Ecpat Luxembourg a.s.b.l.
  • Enfants de l'espoir a.s.b.l.
  • Enfants de Tizi a.s.b.l.
  • Eng Breck mat Latäinamerika a.s.b.l.
  • Eng oppen Hand fir Malawi a.s.b.l.
  • Entwecklong durch gerechten Handel A.S.B.1.
  • Fondation Caritas-Luxembourg
  • Fondation Luxembourg-El Salvador a.s.b.l.
  • Fondation Luxembourgeoise Raoul Follereau
  • Fondation Meninos e Meninas de Rua a.s.b.l.
  • Fonds Soroptimist Luxembourg
  • Foyer de la femme a.s.b.l.
  • Freres des hommes a.s.b.l.
  • Friendship International a.s.b.l.
  • Guiden à Scouten mat der Drëtter Welt a.s.b.l.
  • Hadassah-Luxembourg a.s.b.l.
  • Hand an Hand, Kanner, Elteren, Drëtt Welt a.s.b.l.
  • Handicap International Luxembourg a.s.b.l.
  • Hellef fir Rosario-Walferdange a.s.b.l.
  • Hellef fir Tapirai a.s.b.l.
  • H.E.L.P. a.s.b.l.
  • Hogar de Cristo a.s.b.l.
  • Indesch Patenschaften a.s.b.l.
  • Iwwerliewen fir bedreete Volleker a.s.b.l.
  • Kathoulesch Männeractioun a.s.b.l.
  • Komm Hëllef mat Preizerdaul a.s.b.l.
  • Les amis Ayudame, a.s.b.l.
  • Les amis de Piraja, a.s.b.l.
  • Les amis du Tibet, Luxembourg a.s.b.l.
  • Les amitiés Luxembourg-Amerique Latine a.s.b.l.
  • Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwenzer - Service Cooperation a.s.b.l.
  • Lions Club International a.s.b.l.
  • Luxembourg-Pérou a.s.b.l.
  • Medafrica a.s.b.l.
  • Medecins sans frontières a.s.b.l.
  • Ninos de la tierra a.s.b.l. (Fréier Chiles Kinder a.s.b.l.)
  • Objectif tiers monde a.s.b.l.
  • Oeuvre CGFP d'aide au développement a.s.b.l.
  • Oeuvre de Mère Teresa a.s.b.l.
  • Oeuvre diocesaine Bridderlech Delen a.s.b.l.
  • OGB-L solidarité syndicale a.s.b.l.
  • Pharmaciens sans frontières a.s.b.l.
  • Philippines-Luxembourg Society a.s.b.l.
  • Prisma-Lux a.s.b.l.
  • Nouvelle pro ninos pobres a.s.b.l.
  • Regards d'enfants d'Ethiopie a.s.b.l.
  • Semeurs de joie a.s.b.l.
  • Societe Kolping Du G.D. de Luxembourg a.s.b.l.
  • Solidaresch Aktioun Echternach a.s.b.l.
  • Solidaresch Hellef Reiserbann
  • Solidarite Luxembourg-Cuba a.s.b.l.
  • SOS Enfants en détresse Mersch
  • Sos Faim a.s.b.l.
  • Sos Sahel International a.s.b.l.
  • Sos Villages d'enfants monde a.s.b.l.
  • Stroossekanner Sao Paulo a.s.b.l.
  • Transfair-Minka a.s.b.l.
  • Unity Foundation
  • Wega aide humanitaire a.s.b.l.
  • Vatelot a.s.b.l.

Referenzen änneren

  1. Development aid reaches an historic high in 2010 Rapport (2007) iwwer d'lëtzebuergesch Entwécklungs-Zesummenaarbecht, erausgi vum Ausseministère (PDF)
  2. Rapport annuel vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht, hei erofzelueden
  3. Lëtzebuergesch Steierverwaltung - Stand 10.10.2013 (gekuckt de 05.11.2013)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren