De Lunar Orbiter 3 war déi drëtt vu fënnef Moundsonde vum Lunar-Orbiter-Programm vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar Orbiter-Programm sollt den Äerdmound fotografesch erfaasst a kartographéiert ginn, fir sou Landeplaze fir d'Moundsonde vum Surveyor-Programm wéi och fir déi bemannt Moundlandung ze fannen.

Lunar Orbiter 3
De Start vum Lunar Orbiter 3
Typ Moundsond
Land USA
Agentur NASA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Start 5. Februar 1967, 01:17 UTC
Startplaz Cape Canaveral LC-13
Startmass 385,6 kg
Drorakéit Atlas-Agena D
Enn vun der Missioun Moundopschlag 9. Oktober 1967

Missioun änneren

De Lunar Orbiter 3 war de 5. Februar 1967 gestart an hat de Mound den 8. August erreecht. Um 21:54 UTC war d'Sond an eng Ëmlafbunn tëscht 210 an 1802 km Héicht bei enger Bunnschréi vun 20,9° ageschwenkt. D'Ëmlafdauer war 3 Stonnen a 25 Minutten.

No véier Deeg gouf d'Ëmlafbunn méi niddreg gemaach. D'Bunnhéicht war dunn nëmme méi 55 an 1847 km héich. Vum 15. Februar bis den 23. Februar goufe Fotoen opgeholl. Den 2. Mäerz 1967 goufen d'Fotoen nogekuckt an op d'Äerd gefunkt. De 4. Mäerz 1967 hat dann e Motor am Transportmechanissem vun der Kamera gebrannt, wouduerch 25 % vun de Biller zerstéiert goufen. Am Ganzen hat d'Missioun 149 Biller vu mëttlerer Opléisung a 477 Biller mat héijer Opléisung iwwerdroen, dorënner och d'Landeplaz vun der Surveyor 1. Den 9. Oktober 1967 gouf de Lunar Orbiter 3 geziilt zum Ofstuerz bruecht a war bei 14,3°N, 97,7°W um Äerdmound opgeschloen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lunar Orbiter Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien