Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Narbonne ass eng franséisch Stad an Ënnerprefecture am Departement Aude, an der Regioun Occitanie. Et ass och den Haaptuert vun 3 Kantonen.

Narbonne
Land Frankräich
Regioun Occitanie
Departement Aude
Arrondissement Narbonne
Kanton Narbonne-Est
Narbonne-Ouest
Narbonne-Sud
Postcode 11100
Gemengecode 11262
Koordinaten 43° 11’ 01’’ N
      03° 00’ 15’’ O
Fläch  17 296 ha
Bevëlkerung  52 252 (2008)

Seng Awunner heeschen Narbonnais.

Narbonne läit am Dall vun der Aude am Süde vu Frankräich un der Mëttelmierküst tëscht Montpellier am Norden, a Perpignan am Süden. Am Oste stéisst d'Stad un d'Mier, an am Westen un déi éischt Koppe vun de Corbières. E groussen Deel vun de Weiere vu Bages-Sigean leien um Territoire vun der Gemeng Narbonne.

Narbonne huet en typescht Mëttelmierklima, mat mëlle Wanteren an dréchne Summeren. An der Moyenne gëtt et 300 Sonnendeeg am Joer.

Vue iwwer Narbonne mat der Kathedral Saint-Just

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Narbonne – Biller, Videoen oder Audiodateien